
On Air!
- 5.1-8.1.2021
- 9.2-12.2.2021
- 23.2-26.2.2021
- 1.3-5.3.2021
- 8.3-12.3.2021
- 15.3-19.3.2021
- 22.3-26.3.2021
- 29.3-2.4.2021
9.2-12.2.2021

06 06
10:00 - 10:45![]() |
Zyklus 3, Zyklus 4 Museksinstrumenter fir d’Fuesent Mir bastelen e Kazoo an eng Samba-Trommel Méi >Mir bastelen e Kazoo an eng Samba-Trommel Mam Bob a mam Eric Wëlls du Fuesmusek maache wéi zu Rio de Janeiro? Da bastel mat eis e Kazoo (Blosinstrument fir dran ze sangen) an eng Surdo (Samba-Trommel). Spill mat eis Sambamusek an d’Fuesent ka kommen. Ca. 40 Minutten < Manner |
14:00 - 14:50![]() |
Zyklus 1, Zyklus 2 Karneval der Tiere Kannertheaterproduktioun, bei där d’Milla Trausch an den Dan Tanson d’Geschicht verzielen. Méi >Kannertheaterproduktioun, bei där d’Milla Trausch an den Dan Tanson d’Geschicht verzielen. Mam Nathalie D’Mustik an de Sputt bereeden déi grouss Parad vum Karneval der Tiere vir. Dobäi begéine se enger Hellewull Déieren a se verléiere sech ëmmer méi dacks an der Phantasiewelt vun hirem Spill. Wa jiddereen do ass, kann et endlech lass goen. An da gëtt sou richteg gefeiert! Ca. 50 Minutten < Manner |
10:00 - 10:45![]() |
Zyklus 3, Zyklus 4 Einfach kodéieren Kodéiere mat Faarwen Méi >Kodéiere mat Faarwen Mam Joël a Paul Kanns du programméieren? Weess du wat eng Computersprooch ass? Wat brauchs du fir ze kodéieren? Ca. 45 Minutten < Manner |
14:00 - 14:45![]() |
Zyklus 2, Zyklus 3, Zyklus 4 Bastele fir Kleng a Grouss Mir bastelen eng Konfetti-rësel-Kaart an ee Pompom-Bam Méi >Mir bastelen eng Konfetti-rësel-Kaart an ee Pompom-Bam Mam Edith Fir d’Kaart braucht dir: Fir de Pompom-Bam braucht dir: Ca. 35 Minutten < Manner |
10:00 - 10:45![]() |
Zyklus 1, Zyklus 2 D’Prinzessin op der Ierz E Prënz, deen eng Prinzessin sicht, an eng Kinnigin, déi sech un en uralen Prinzessinen-Test erënnert... Méi >E Prënz, deen eng Prinzessin sicht, an eng Kinnigin, déi sech un en uralen Prinzessinen-Test erënnert... Mam Annick a mam Eric D’Figuren aus dësem bekannte Mäerche vun de Gebridder Grimm sinn aus Holzlaten aus enger aler Wäikëscht gebaut. Duerch déi kleng Figuren illustréiert, eegent sech dës Erzielung och fir ganz kleng Kanner a fir jiddereen, dee sech gäre vun Märecher verzaubere léisst. Ca. 20 Minutten < Manner |
14:00 - 14:30![]() |
Zyklus 2, Zyklus 3, Zyklus 4 Mathe-Zaubershow fir matzemaachen Zaubertricks a Rätselen mat Mathe Méi >Zaubertricks a Rätselen mat Mathe Mam Frauke a Filipe Wärend der Sendung "Mathe-Zaubershow fir matzemaachen" léiers du zesummen mam Frauke a Filipe eng Partie einfach Zaubertricken a Rätselen, mat deenen du deng Frënn an deng Famill beandrocke kanns. Fir bei der Mathe-Zaubershow matzemaachen, brauchs du just e puer Alldagsgéigestänn (Zahnstocher, Kaartespill, Bic an e Ziedel). Wann s du een Drécker hues, da kanns du dir och d’Blat fir dee leschten Zaubertrick HEI erausdrécken. Ca. 30 Minutten < Manner |
09:00 - 09:45![]() |
Zyklus 1, Zyklus 2, Zyklus 3, Zyklus 4 Mir beweegen eis an danzen Zesummen op Jerusalema an aner flott Lidder danzen. Méi >Zesummen op Jerusalema an aner flott Lidder danzen. Mam Laura Matenee wierme mir eis op flott Musek op, éier mir op e Lidd e schéinen Danz léieren. Danze mécht Spaass, hält fit an trainéiert nach ganz niewebäi eis Koordinatioun a rhythmesch Fäegkeeten. Fir dës Aktivitéit brauchs du just e bësse Plaz a Kleeder, an deenen s du dech fräi beweege kanns. ca. 45 Minutten < Manner |
11:00 - 11:45![]() |
Zyklus 1, Zyklus 2 Einfach Kodéieren Op der Sich nom Danzi Danznéckel Méi >Op der Sich nom Danzi Danznéckel Mam Benzilla a Wuhuu Danz mam Benzilla a mam Wuhuu duerch eng verréckten Dramwelt. Ca. 45 Minutten < Manner |
14:00 - 14:45![]() |
Zyklus 3, Zyklus 4 Den Theater-Yann mam Rucksak Schreiw a spill däin eegene klengen Theatertext. Méi >Schreiw a spill däin eegene klengen Theatertext. Mam Yann 1,2,3 a lass…ech maache mech doheem op d’Sich no Kleeder an Accessoiren, déi mir gefalen an entwéckelen doropshin dramatesch a witzeg Theaterzeenen. Mir schaffen zesummen un der Kierpersprooch. Mir probéiere spilleresch, mat Hëllef vu Musek a vill Energie verschidde Rollen an Emotiounen aus an entwéckelen ee kuerzen Theatertext. Wéi preparéieren ech mech als Schauspiller, Schauspillerin op meng Roll a mäi Mini-Theaterstéck-Doheem? |