
- 5.1-8.1.2021
- 9.2-12.2.2021
- 23.2-26.2.2021
- 1.3-5.3.2021
- 8.3-12.3.2021
- 15.3-19.3.2021
- 22.3-26.3.2021
- 29.3-2.4.2021
5.1 - 8.1.2021

01 01
09:15 - 10:00![]() |
Zyklus 3, Zyklus 4 Einfach kodéieren – Pixelbiller Wat si Pixels? Wou komme se hier? Wou kann ech Pixels gesinn? Méi >Wat si Pixels? Wou komme se hier? Wou kann ech Pixels gesinn? Mam Larry a Paul Bei dëser Aktivitéit léiers du op interaktiv Aart a Weis, wéi de Computer Biller duerstellt a wéi ee selwer esou Biller erstellt. Gläichzäiteg gi grondleeënd Konzepter doriwwer vermëttelt, wéi e Computer „denkt“ an domat e Grondsteen fir d‘Kodéieren geluecht. ca. 45 Minutten < Manner |
11:00 - 11:45![]() |
Zyklus 3 Flashmob-Danz – Danze mat Spaass Zesummen eng einfach Danzchoreographie astudéieren. Méi >Zesummen eng einfach Danzchoreographie astudéieren. Mam Laura Matenee wierme mir eis op flott Musek op, éier mir op e Lidd e schéinen Danz léieren. Danze mécht Spaass, hält fit an trainéiert nach ganz niewebäi eis Koordinatioun a rhythmesch Fäegkeeten. Fir dës Aktivitéit brauchs du just e bësse Plaz a Kleeder, an deenen s du dech fräi beweege kanns. ca. 45 Minutten < Manner |
13:30 - 14:15![]() |
Zyklus 4 Re- und Upcycling - Der Plastikflasche auf der Spur Wir zeigen euch, dass das Leben einer Plastikflasche nicht dann endet, wenn sie bis leer ist. Méi >Wir zeigen euch, dass das Leben einer Plastikflasche nicht dann endet, wenn sie bis leer ist. Mit Fabienne und Laurene Lernt mit uns, warum man eine Plastikflasche niemals in der Natur vergessen sollte. Ihr lernt die verschiedenen Etappen des Recyclierens kennen und darüber hinaus, wi man aus Plastikflaschen Gegenstände herstellen kann, an denen man nach lange Zeit seine Freude haben kann. Für diese Aktivität brauchst du eine leere Plastikflasche, eine Schere und viel Fantasie! ca. 40 Minuten < Manner |
14:45 - 15:30![]() |
Zyklus 2 Schnéimännchen, Schnéimännchen - Bastelen a sangen Eng Bastelaktivitéit rondrëm de Schnéimännchen, déi mat wéineg Material ëmgesat ka ginn. Méi >Eng Bastelaktivitéit rondrëm de Schnéimännchen, déi mat wéineg Material ëmgesat ka ginn. Mam Lynn Eng Bastelaktivitéit rondrëm de Schnéimännchen, déi mat wéineg Material ëmgesat ka ginn. Alles, wat s du brauchs, sinn: wäiss Woll, Karton, e Glas, een Zanstocher, e wäisst Blat, Scotch a Bläistëftsfaarwen. E passend franséischt Lidd gëtt um Ufank an zum Schluss vun der Aktivitéit mat de Kanner gesongen. ca. 45 Minutten < Manner |
16:00 - 16:30![]() |
Zyklus 1, Zyklus 2 Goldie - Eng Geschicht iwwer 3 Bieren an e frecht Meedchen "The Story of Goldilocks and the Three Bears" ass e Märchen aus England. Méi >"The Story of Goldilocks and the Three Bears" ass e Märchen aus England. Mam Annick an Eric E grousse schwéiere breede Bier, e mëttelgrousse Bier an e butzeg klenge Bier wunnen an engem Haus am Bësch. An hirem Haus ass et ëmmer propper a schéi geraumt. Bis enges Daags e klengt frecht Meedchen un der Dier klappt... Déi ganz einfach a repetitiv Geschicht gëtt vum Annick mat Objeten a Figuren erzielt. D'Erzielung gëtt musikalesch ënnermoolt vum Eric. ca. 30 Minutten < Manner |
09:15 - 10:00![]() |
Zyklus 4 Flashmob-Danz – Danze mat Spaass Zesummen eng einfach Danzchoreographie astudéieren. Méi >Zesummen eng einfach Danzchoreographie astudéieren. Mam Laura Matenee wierme mir eis op flott Musek op, éier mir op e Lidd e schéinen Danz léieren. Danze mécht Spaass, hält fit an trainéiert nach ganz niewebäi eis Koordinatioun a rhythmesch Fäegkeeten. Fir dës Aktivitéit brauchs du just e bësse Plaz a Kleeder, an deenen s du dech fräi beweege kanns. ca. 45 Minutten < Manner |
11:00 - 11:45![]() |
Zyklus 1 De Pierchen an de Wollef - Ee Poppespill Poppespill-Produktioun, bei där de bekannte Poppespiller Dan Tanson d’Geschicht verzielt. Méi >Poppespill-Produktioun, bei där de bekannte Poppespiller Dan Tanson d’Geschicht verzielt. Mam Nathalie Um Bord vum grousse Bësch wunnen de Pierchen a säi Grousspapp. De Bopi warnt de Pierchen virum geféierleche Bësch: do dréint de Wollef seng Ronnen an deen ass hongereg wéi eng Wanternuecht. ca. 45 Minutten < Manner |
13:30 - 14:15![]() |
Zyklus 2, Zyklus 3 Rotkäppchen - Ee Poppespill Poppespill-Produktioun vum Traffik Theater mam Dan Tanson a Michel Boulanger. Méi >Poppespill-Produktioun vum Traffik Theater mam Dan Tanson a Michel Boulanger. Mam Nathalie Rotkäppchen ass eng faszinéierend Geschicht vun engem Meedchen, dat déi éischte Kéier d´Erlabnis kritt, eleng dat schützend Elterenhaus ze verloossen, fir an de Bësch ze goen. Ass hatt awer och al genuch, fir de groussen, béise Wollef ze treffen? Wäert hatt an d‘Fal stolperen? Beim Rotkäppchen handelt et sech ëm eng Poppespill-Produktioun vum Traffik Theater, déi säit 2005 iwwert 400 mol a ganz Europa an den USA opgefouert ginn ass. Den Erzieler vum Stéck, den Dan Tanson ass e ganz bekannten Poppespiller an entféiert de Public an d´Welt vum Rotkäppchen. De Violoncellist Michel Boulanger begleet d’Erzielung. ca. 40 Minutten < Manner |
14:45 - 15:30![]() |
Zyklus 3, Zyklus 4 Mir bastele Jongléierbäll a jongléieren – mat makedra.lu Mat Material vun doheem Bäll bastelen a jongléiere léieren. Méi >Mat Material vun doheem Bäll bastelen a jongléiere léieren. Mam Yann Mir bastelen 3 Jongléierbäll mat Material vun doheem, léiere Basistechnike fir mat 1, 2 an 3 Bäll ze jongléieren. Wéi kann ech doheem och mat verschiddene Museken ofwiesslungsräich a kreativ flott ee mini „Jongléier-Optrëtt“ erfannen, prouwen an virweisen? ca. 35 Minutten < Manner |
16:00 - 16:45![]() |
Zyklus 4 Maracas an anert Gerësels – mat mimamu.lu Instrumenter bauen aus Haushaltsartikelen Méi >Instrumenter bauen aus Haushaltsartikelen Mam Bob a Jean-Paul Rëselen, Maracas a Shaker aus Haushaltsartikelen? Firwat net? Mir bastelen aus Plastiksfläschen, eidelen Toiletterullen, Kartong an engem Rullo Pech (Scotch) a Pritt latäinamerikanesch Percussiounsinstrumenter. Mir spillen a begleeden domat flott Melodien a Lidder. ca. 45 Minutten < Manner |
09:15 - 10:00![]() |
Zyklus 1 Flashmob-Danz Zesummen eng einfach Danzchoreographie astudéieren. Méi >Zesummen eng einfach Danzchoreographie astudéieren. Mam Laura Matenee wierme mir eis op flott Musek op, éier mir op e Lidd e schéinen Danz léieren. Danze mécht Spaass, hält fit an trainéiert nach ganz niewebäi eis Koordinatioun a rhythmesch Fäegkeeten. Fir dës Aktivitéit brauchs du just e bësse Plaz a Kleeder, an deenen s du dech fräi beweege kanns. ca. 45 Minutten < Manner |
11:00 - 11:45![]() |
Zyklus 2, Zyklus 3 Ech a mäi Clown – mat makedra.lu Ech bastele meng Clownennues mat Material vun doheem an erfannen eng kleng Theaterzeen. Méi >Ech bastele meng Clownennues mat Material vun doheem an erfannen eng kleng Theaterzeen. Mam Yann Mir bastelen eng Clownennues an erfannen eng witzeg a kreativ Theaterzeen, fir Spaass ze hunn an d’Famill doheem zum Laachen ze bréngen. ca. 35 Minutten < Manner |
14:45 - 15:30![]() |
Zyklus 3, Zyklus 4 Theater an der Stuff - Mat makedra.lu Theater bei dir doheem Komm a maach e puer Theaterspiller ganz gemittlech bei dir doheem mat. Méi >Komm a maach e puer Theaterspiller ganz gemittlech bei dir doheem mat. Mam Greg Du brauchs net vill: E bësse Plaz, een Toiletterullo, ee Sonnebrëll, eng Mask, gutt Laun an deng eege Fantasie. Zesummen tauche mir an d’Welt vum Theater an. ca. 35 Minutten < Manner |
16:00 - 16:45![]() |
Zyklus 3, Zyklus 4 Origami - Einfach kodéieren 2 Origami ass eng schrëttbaséiert Aktivitéit ideal, fir Kanner fir Coding ze begeeschteren. Méi >Origami ass eng schrëttbaséiert Aktivitéit an ideal, fir Kanner fir Coding ze begeeschteren. Mam Cynthia, Jill a Ben Konzepter wéi Algorithmen, Computational Thinking a Sequenze kléngen op den éischte Bléck ganz komplizéiert. Dohannert stiechen awer ganz einfach Iddien, déi een op spilleresch Aart a Weis kann entdecken. Origami ass als schrëttbaséiert Aktivitéit dobäi ee vun den ideale Weeër, fir Kanner fir Coding ze begeeschteren. ca. 45 Minutten < Manner |
09:15 - 10:00![]() |
Zyklus 3, Zyklus 4 Ech ka komponéieren - mat mimamu.lu Mir erfannen a schreiwen ee Museksstéck. Méi >Mir erfannen a schreiwen ee Museksstéck. Mam Bob a Jean-Paul A jidderengem vun eis stécht eng Komponistin oder ee Komponist. Och ganz ouni Noute kënne mir Musek a Geräischer selwer erfannen, opschreiwen an natierlech och spillen. Der Fantasie si keng Grenze gesat. Lee also scho mol ee Blatt an ee Bläistëft prett. Lo gëtt komponéiert! ca. 35 Minutten < Manner |
11:00 - 11:45![]() |
Zyklus 4 Groove mat mimamu! Bodypercussion, Rhythmus mat Kichegeschier, Tuten & co. Méi >Bodypercussion, Rhythmus mat Kichegeschier, Tuten & co. Mam Bob, Eric a Jean-Paul E flotte Rhythmus? E coole Groove? Mat Läffel, Glieser, Schosselen an eidele Fläschen? Ma kloer! Alles kléngt! Mam Kierper, Hänn a Féiss, Plastikstuten a mat allerhand Kichegeschier erfanne mir Rhythmen a begleede Melodien. ca. 45 Minutten < Manner |
13:30 - 14:15![]() |
Zyklus 2 Flashmob-Danz – Danze mat Spaass Zesummen eng einfach Danzchoreographie astudéieren. Méi >Zesummen eng einfach Danzchoreographie astudéieren. Mam Laura Matenee wierme mir eis op flott Musek op, éier mir op e Lidd e schéinen Danz léieren. Danze mécht Spaass, hält fit an trainéiert nach ganz niewebäi eis Koordinatioun a rhythmesch Fäegkeeten. Fir dës Aktivitéit brauchs du just e bësse Plaz a Kleeder, an deenen s du dech fräi beweege kanns. ca. 45 Minutten < Manner |
14:45 - 15:30![]() |
Zyklus 3, Zyklus 4 Ech sinn ee Roboter - Einfach kodéieren 3 Wéi denkt e Roboter? Méi >Wéi denkt e Roboter? Mam Benoît a Joël Roboter hëllefen eis haut a ganz ville Beräicher vum Alldag, mee wéi genau denkt a funktionéiert esou ee Roboter? Komm a schlüpf an de Rôle vun engem Roboter a léier wéi e Computer Befeeler ëmsetzt a firwat een dem Computer ganz genau muss soen, wat e soll maachen. ca. 45 Minutten < Manner |
16:00 - 16:45![]() |
Zyklus 3, Zyklus 4 Eis gebaute Welt – Missioune fir doheem Op Entdeckungsrees tëscht de véier Wänn Méi >Op Entdeckungsrees tëscht de véier Wänn Mam Martine an Nadine Doheem gëtt et vill ze erfuerschen: Faarwen, Luucht, Raim, Miwwelen, Geräischer an nach villes méi! Gëff och du Expert vun allem, wat deng gebaute Welt doheem ausmécht. Mir huelen dech mat op eng Rees, doheem. Gräif dir e Fotoapparat, fir d’Souvenire festzehalen! Ca. 45 Minutten < Manner |