< zeréck
Säit 1992 gëtt all Joer um 22. Mäerz op der ganzer Welt de Weltwaasserdag gefeiert. Dëst Joer steet de Weltwaasserdag ënnert dem Thema „De Wäert vum Waasser“ (valuing water).
Waasser bedeit verschidde Saache fir d’Leit op der Welt. Wat bedeit Waasser fir dech? Wéi wichteg ass d’Waasser fir dech an dengem alldeeglechem Liewen. Oft begéine mir d’Waasser ouni eis iwwert säi Wäert bewosst ze sinn, zum Beispill wann et doheem aus dem Krunn kënnt oder mir ouni Bedenken dra schwamme kënne goen.
Am Kader vum Weltwaasserdag lancéiert d’Waasserverwaltung (Administration de la gestion de l’eau) ee Molconcours fir Kanner bis 12 Joer ronderëm d’Thema vun dësem Joer. Schéck eis däi Bild dozou am DIN A4 Format bis den 15. Mäerz 2021. All d’Biller ginn am Kader vun enger virtueller Ausstellung, zesumme mat dengem Virnumm an dengem Alter, op der Internetsäit vun der Waasserverwaltung (www.waasser.lu) ab dem 22. Mäerz 2021 publizéiert.
Däi Bild kanns du eis per Post oder per E-Mail op dës Adresse schécken:
Administration de la gestion de l’eau
1, avenue du Rock’n’Roll L-4361 Esch-sur-Alzette
E-Mail: eau@eau.etat.lu
Du kanns däi Bild och direkt bei eis an der Verwaltung ofginn. Eis Rezeptioun fënns du um 3. Stack an déi ass vu Méindes bis Freides op vun 8-12 Auer a vun 13-17 Auer.
Eisen Drëpsi huet fir di éischt 300 Kanner déi hiert Bild eraschécken ee klenge Kaddo op d’Säit geluecht. Fir iech dëse schécken ze kënnen, brauche mir ären Numm, är Adresse an ären Alter. Är perséinlech Donnéeën gi vun eis just am Kader vum Molconcours genotzt an net gehalen.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: