< zeréck
Méindes no der Chrëschtvakanz ass de Schouldoheem On Air live online gaangen.
Fir d’Period vun der Fermeture vun de Grondschoulen ze iwwerbrécken, an de Kanner vum Cycle 1 bis Cycle 4 eng flott Ofwiesslung ze bidden, huet de SCRIPT, an Zesummenaarbecht mat engagéierte Partner a MataarbechterInnen, all Dag verschidde Videoe realiséiert, déi an den Unterrecht oder awer fir duerno genotzt konnte ginn. Dës Videoe si vun Danz iwwert Theater bis hin zu Bastelen a Musizéiere gaangen.
An deem Kontext huet de SCRIPT zesumme mat der ENEPS e flotte Concours lancéiert an d’Kanner haten d’Geleeënheet e Flashmob-Danz mam Laura di Ronco matzemaachen an de Video eran ze schécken. Dës Videoe sinn zu engem flotte Ganzen zesummegeschnidde ginn.
Mir soen all de Kanner Merci fir d’Matmaachen.
Mir hoffen, dir hat Spaass dobäi an alleguer déi motivéiert Dänzerinnen an Dänzer gi vun eis kontaktéiert fir hir Präisser!
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: