Aktualitéiten

Schoulesch a psychologesch Helpline

Schoulesch a psychologesch Helpline
22/09/2020
Eng Helpline fir schoulesch  Hëllef an Usproch ze huelen: wielt d’Nummer 8002 9090.

Op der Helpline 8002-9090 kritt Dir allgemeng Informatiounen iwwer d’Moossnamen am Bildungsberäich. Si ass an der Woch ze erreeche vun 9 bis 12 Auer a vun 13 bis 16 Auer.

Dir kënnt zu all Moment Är Froen och schrëftlech areechen iwwert de Formulaire ënnen op dëser Säit.

Äntwerten op heefeg Froen am Kontext Covid-19 an Educatioun fannt Dir och um Internetsite vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend :

https://men.public.lu/fr/support/coronavirus.html

Allgemeng Informatiounen zum Covid-19 fannt Dir op www.covid19.lu an d’Helpline vun der Santé (Telefon 247-65533) ass bei medizinesche Froen ronderëm de Covid-19 fir iech do.

 

Eng Helpline fir psychologesch Ënnerstëtzung iwwer Telefon an doheem an der Famill : 8002-9393

De CePAS (Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires) offréiert de Schüler, den Elteren an den Enseignanten en oppent Ouer, eng Berodung an eng Begleedung iwwer Telefon oder op Rendez-vous.

Den ONE (Office national de l’Enfance) bitt Jonken, Elteren a Famillen eng Ënnerstëtzung an eng Begleedung doheem an der Famill.

D’Helpline ass ze erreeche vu Méindes bis Freides  vun 8.00 bis 18.00 Auer.

 

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: