< zeréck
Vum 24. August 2020 un proposéiert den Educatiounsministère (MENJE) thematesch Dossiere mat Corrigéen op schouldoheem.lu an der Rubrik Summerschool.
Dëst didaktescht Material erlaabt et de Schüler aus der Grondschoul an dem Lycée, eleng oder mat Hëllef vun hiren Elteren déi Fächer ze widderhuelen, an deenen se e Besoin spieren, fir sech ze verbesseren. D’Schüler mussen sech mat Hëllef vun hirem IAM connectéieren.
Dës thematesch Dossiere ginn och benotzt am Kader vun den Nohëllefscoursen, déi vum 31. August bis den 11. September 2020 fir d’Schüler aus der Grondschoul an dem Lycée organiséiert ginn.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: