Aktualitéiten

Präisverdeelung vum Challenge Dee coolste Vëloparcours doheem

Präisverdeelung vum Challenge Dee coolste Vëloparcours doheem
14/07/2020

En Donneschdeg den 9. Juli um 15:00 Auer war et esou wäit am Bikepark Boy Konen an der Stad: d’Kanner, déi beim SCRIPT-Challenge Dee coolste Vëloparcours doheem a Kooperatioun mat der Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois (FSCL) an der LASEP matgemat haten, hunn hir Präisser vum Direkter vum SCRIPT, dem Luc Weis, de Sportler Frank Schleck, Lex Reichling a Suzie Godart, der Präsidentin vun der LASEP Nicole Kuhn an dem Präsident vun der Vëlosfederatioun Camille Dahm iwwerreecht krit.

Dobäi krut all Kand e flotte Rucksak mat allerhand Gadgeten, déi zéng éischt kruten zousätzlech en Akafsbong vu 50€ gestëft vun der LASEP an d’Haaptgewënner vum Cycle 1 (Jacques Theis vu Klengbetten) respektiv dem Cycle 2 – Cycle 4 (Mathis a Yannis Elsen vum CT Atertdall) och nach e Bong, fir e Velosnomëtteg mat Christine Majerus, Suzie Godart a Frank Schleck fir hir ganz Klass, respektiv hire Klub.

No där offizieller Präisverdeelung konnten all Kanner an och hir Elteren hir Technik a verschidden Ateliere verbesseren. De Fränz an d’Suzie Godart, de Lex Reichling an de Frank Schleck hunn d’Kanner op där grousser Pist begleet, de Bijan Kesseler huet e BMX-Atelier ugebueden an d‘Mara Schwager an d’Dany Portzenem vun der LP Millebaach hu fir déi Klengst e flotte Geschécklechkeetsparcours encadréiert.

De Kanner schéngt d‘Aktioun op alle Fall vill Freed gemat ze hunn; et huet verschidden Eltere vill Iwerzeegungskraaft kascht fir hir Butze mat heem ze kréien an um 18:00 Auer hunn déi Lescht nach op der Pist hir Ronne gedréit.

E grousse Merci nach u jidfereen, deen de SCRIPT bei dëser Aktioun ënnerstëtzt huet, ma virun allem Merci un d‘Kanner an d’Eltere fir hir flott Bäiträg. Mir hoffen dat mir esou en Challenge vläit an Zukunft am Rumm vum Programm Bicycool an de Schoule widderhuele kënnen.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: