Aktualitéiten

Resultater vu weideren Challenges

LightField Studios / Shutterstock.com
19/06/2020

Challenge: Billergeschicht

D’Texter Zukunftsvisionen an Illumination vum Anna Kauffmann hunn eis am beschte gefall.

Merci un all déi Jonk, déi bei dësem Challenge matgemaach hunn.

 

Challenge: D’Gedanke vun engem Bamkand

D’Lorena Baum huet dësen Challenge mat sengem Text Gedanken eines Jungen Apfelbaums gewonnen. Gratulatioun!

 

Virlies-Challenge: Lies aus dengem Liblingsbuch vir

Fir d’Liesen a ganz besonnesch d’Virliesen ze promouvéieren, huet de SCRIPT d’Virlies-Challenge lancéiert. D’Kanner sollten en Extrait aus hirem Liblingsbuch virliesen a sech dobäi ophuelen.

Folgend Gewënner goufen ermëttelt:

  • de René vun Duelem mam Buch Agent Alfie: Donnerjäger vum Justin Richards
  • d’Emilie vu Nocher mam Buch Die unendliche Geschichte vum Michael Ende

Mir soen de Kanner e grousse Merci fir d‘Matmaachen a schécken hinnen als Belounung e flotte Bicherbong heem.

 

Challenge: Recycling doheem

Bravo Helda Reibe! Du hues mat denger Klass, der C2.2 A aus der École fondamentale vu Beggen, eng Visitt bei der Superdreckskëscht gewonnen. Hinnen och e grousse Merci fir des flott Zesummenaarbecht.

Op dengem flotte Plakat hues du deng Kreativitéit zum Ausdrock bruecht a gewisen wéi mer all besser kennen doheem onse Recycling organiséieren.

Mir wäerte Kontakt mat dir/iech ophuelen fir weider Detailer ze organiséieren.

 

Eis Gefiller – e Reflexiounschallenge

De Luca aus dem Cylce 4.2 aus der École fondamentale vun Uewerkuer ass de Gewënner vun dësem Challenge. Hien huet e Bréif geschriwwen an deem hie bewisen huet, dass hien sech schonn a sengem jonken Alter gutt an aner Leit erafille kann.

 Mir felicitéieren dem Luca an deenen anere Kanner déi matgemaach hunn.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: