< zeréck
De 7. Mee hate mir eisen Challenge lancéiert a mir hunn an de leschte Woche vill flott a kreativ Videoe vun iech geschéckt krit. Et huet eis immens gefreet, dat dir net einfach nëmmen déi Saachen nogemaach hutt déi mir iech op dësem Site virgestallt haten. Dir hutt eis mat eegene coolen Iddien iwwerrascht, e ganz décke Bravo!
Mir hoffen, dat dir beim Fuere grad esou vill Freed hat, wéi mir beim Kucke vun äre Filmer. Et ass eis duerfir och guer net liicht gefall ze entscheeden, wien dann elo de ganz grousse Gewënner ass, mee mir hu missen eng Entscheedung treffen.
Den éischte Präis fir de Cycle 1 gewënnt de Jacques Theis (Cycle 1.1) vu Klengbetten: Video
Den éischte Präis fir de Cycle 2 – Cycle 4 gewannen de Mathis (Cycle 2.1) an de Yannis Elsen(Cycle 3.1) vu Mertzeg: Video
Déi wieder Akafsbonge ginn un de Mett Dostert, den Noe Garcia Pinnel, de Lou Felten, d’Lyel Hever, d’Ava Felten, d’Léini Dostert an de Ben Schmitt.
D’Präisverdeelung ass donneschdes, de 9. Juli um 15:00 Auer am Bikepark Boy Konen an der Stad. Do krit all Kand wat matgemaach huet eng Belounung an och d’Geleeënheet zesumme mat dem Fränk Schleck, dem Suzie an dem Fränz Godart a vläicht nach dem engen oder anere Mountainbike a BMX-Expert op deem flotte Site praktesch Erfarungen ze sammelen. Vergiesst also de Vëlo an den Helm net. Och Papp a Mamm dierfe gär vun der Geleeënheet profitéieren an de Vëlo matbréngen.
All Participant gëtt per E-Mail informéiert.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: