Aktualitéiten

Webinar: Zeréck an d'Schoul - Kleng Kanner a Kanner mat spezifesche Besoinen

Minimallista / Shutterstock.com
19/05/2020

Webinar den 20. Mee 2020: Experte schwätzen iwwer d'Situatioun vu klenge Kanner a Kanner mat spezifesche Besoinen, déi elo zeréck an d'Schoul ginn.

Well de 25. Mee 2020 d'Grondschoulen an d'Kompetenzzentren erëm opginn, soll op engem Ronndëschgespréich am Kontext vum COVID-19 iwwer d'Protektioun an den Impakt vum Confinement diskutéiert ginn, besonnesch bei deene Klengsten an bei de Kanner mat spezielle Besoinen.

Dëst Ronndëschgespréich organiséiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an Zesummenaarbecht mam 100.7, deen et direkt a Form vun engem Webinar den 20. Mee vu 14:30 bis 17:00 iwwerdréit. Dräi Dokteren aus dem Centre hospitalier vu Lëtzebuerg kréien d'Wuert: d'Doktesch Isabel de la Fuente Garcia, Spezialistin an der Pediatrie a fir Infektiounskrankheete bei Kanner, den Dokter Fernand Pauly, Spezialist an der Pediatrie an an der funktioneller Reeducatioun a Readaptatioun an den Dokter Jean-François Vervier, Pedopsychiater a Chef du Service national vun der Pedopsychiatrie. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch wäert och op der Plaz sinn.

Jiddweree ka beim Ronndëschgespréich assistéieren, et gëtt um YouTube ënnert dësem Link an iwwer de Radio 100.7 iwwerdroen.

D'Froe kënne vun elo un a wärend der Emissioun iwwer Telefon um 44 00 44-111, iwwer WhatsApp op der Nummer 621 44 00 44 oder iwwer d'E-Mailadress webinar@men.lu eragereecht ginn.  

D'Moderatioun ass op Lëtzebuergesch, d'Gespréichspartner um ronnen Dësch schwätzen Franséisch respektiv Lëtzebuergesch.

D'Participatioun um Webinar gëtt fir d'Personal vun der Grondschoul an de Kompetenzzentren als Formation continue ugesinn.

Klickt op dëse Link, fir Iech anzeschreiwen.

 

Fräizäitgestaltung vun eise Kanner doheem

kannerdoheem.lu

 

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: