Aktualitéiten

Moonhack: Programméierevent fir Kanner

Moonhack
27/05/2020

De Code Club Lëtzebuerg invitéiert all d'Kanner vun 8 bis 12 Joer,  beim Programméierevent Moonhack e Samschdeg, den 30. Mee 2020 um 15:00 Auer matzemaachen. Den Event ass als Videokonferenz organiséiert. D'Participatioun ass gratis.

Den Event ass fir all d'Kanner geduecht, besonnesch awer fir déi, déi scho Kenntnisser am Scratch hunn. Fräiwëlleg Betreier hëllefen de Kanner wärend dem Programméieratelier. D'Betreiung ass a véier verschidde Sprooche méiglech.

D'Theema vun dësem Joer ass d'Nohaltegkeet. Mat enger Drone hëllefen d'Participanten d'Bëscher ze regeneréieren a géint d'Ausdrechnen ze kämpfen, andeem si  Som verstreeën fir nei Beem ze zillen. 

Moonhack ass eng Initiativ vum Code Club Australia.

D'Aschreiwung geet iwwer dëse Link.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: