Aktualitéiten

Zousätzlech Impulser - Journées du livre et du droit d’auteur 2020 an de Grondschoulen

Journées du livre
20/04/2020

En neien Ufank - Et si on redessinait le monde?

Duerch déi grouss Changementer, déi mir grad mat der sanitärer an ekonomescher Kris vun der Coronapandemie erliewen, komme mir effektiv all an d’Situatioun en neien Ufank ze maachen.

Duerfir invitéieren den Educatiounsministère Kanner, Klassen an Enseignanten sech, wann se wëllen, fir d’Journées du livre et du droit d’auteur 2020 mat dem Thema En neien Ufank - Et si on redessinait le monde? ze beschäftegen.

Ganz konkret kann een esou Produktiounen ënnert dem Motto “Et si on redessinait le monde?” maachen. Wéi wier et, wa mir eis géingen eng nei Welt virstellen – eng méi gerecht oder gesond Welt ... oder – wat mir net wëllten – eng méi ongerecht an onfräi Welt?

Wat ännert sech duerch déi aktuell Situatioun an eisem Liewen? Wéi ass d’Liewen “duerno”, fir den Eenzelnen a fir d’Gesellschaft iwwerhaapt, hei am Land an uechter d’Welt?

Dat poetescht an hoffnungsvollt Kannerbuch “Et si on redessinait le monde?” vun den Editions Rue du monde weist, wéi sech Kanner mat Optimismus eng nei a besser Welt virstellen, eng Welt an där et méi Respekt tëscht de Matmënschen a fir d’Natur gëtt.

Et si on redessinait le monde / Daniel Picouly, Nathalie Novi. - Voisins-le-Bretonneux : Rue du Monde, 2013. - ISBN 978-2-35504-287-4

En Abléck an d’Buch duerch d’Illustratrice Nathalie Novi :

https://www.youtube.com/watch?v=vyxAdDW3A5g

Märercher nei schreiwen – Nei Märercher schreiwen

Märercher kenne mir alleguer, meeschtens vu kleng op. Et gëtt der an alle Kulturen  a Sproochen. Dacks kréien d’Kanner se schonn doheem vun hiren Elteren erzielt.

Mir wëssen  dann och, datt de Wollef de Béisen ass, datt de Fuuss ee Luussegen ass, datt d’Prinzessin schéin an onschëlleg ass ...

Et ginn awer antëscht eng Rei Bicher déi mat deenen Iddien a Virstellunge spillen. Do ass z.B. d’Rotkäppchen op eemol dat Staarkt an de Wollef ass en Tolpatsch.

Schüler a ganz Klasse kënnen esou eng Variant vun engem Märchen kucken an erzielen ...

Si kënnen awer och selwer e Märchen nei erfannen, sief et datt se mat de Personnagen aus de Märercher spillen (se an en anere Kontext setzen, hinnen aner Eegeschafte ginn, ...), sief et datt se e Mäerchen komplett ëmschreiwen.

Kanner kënnen och einfach  en neit Märchen erfannen : kleng Kanner kënnen dat molen an erzielen, méi grousser et schreiwen oder nospillen. Anerer kënnen et an eng aner Sprooch iwwerdroen. Dat Ganzt kann och musikalesch presentéiert ginn ...

D’Kanner kënnen och einfach nei Märercher entdecken. Z.B. aus aner Sproochen a Kulturen.

Ressourcen :

Eng Theateropnam vum Rotkäppchen & pädagogesch Iddien & Varianten vun der Geschicht vum Rotkäppchen

https://dpav.script.lu/projets/rotkaeppchen/

 

Märchen und Geschichten für Jugendliche und Kinder

Märchen als Hörbicher erzielt. Den Text kann als PDF erofgelueden ginn a matgelies ginn.

https://www.vorleser.net/kinder-jugendliche.html?full=yes

 

Märchen für alle

Den Text kann als PDF erofgelueden ginn a matgelies ginn. D’Bicher se musekalesch ënnermoolt

https://www.ohrka.de/hoeren/maerchen-fuer-alle/

 

Il était une histoire

Märercher aus verschidde Kulturen ginn hei als Text mat Biller presentéiert

https://www.iletaitunehistoire.com/genres/contes-et-legendes

Esou Aktivitéite kënnen an der Fräizäit vun de Kanner an hiren Eltere gemaach ginn. Enseignantë kënnen awer och Iddien an hire Wocheplang abauen. Vill Impulser am Kontext “En neien Ufank” fënnt een  am PDF-Fichier op https://www.schouldoheem.lu/lu/news/general/2020-04/journees-du-livre-et-du-droit-dauteur-2020 . Eng Bicherlëscht zum Thema “En neien Ufank” ass och disponibel : https://www.schouldoheem.lu/sites/default/files/news/2020-04/jdl2020-livres-def.pdf

Des Iddien, grad wéi déi aner Iddien fir d’Journées, kënnen natierlech och zu engem spéideren Zäitpunkt genotzt ginn.

Gäer kënnt Dir eis eng Trace vun Äre Produktiounen op anne-marie.antony@men.lu & anne.biesdorf@men.lu schécken.

Mir maachen duerno op schouldoheem.lu e Réckbléck op d’Aktivitéiten vun de Klassen a vun eenzelne Schüler zu de Journées du livre et du droit d’auteur 2020.

All d’Aktivitéiten vun den Acteure vum Buch ronderëm d’édition spéciale vun de Journées du livre et du droit d’auteur 2020 fannt Dir op der Facebooksait vun de Journées : https://www.facebook.com/events/2533530630203396/ an op www.liesen.lu.

Merci fir d’Matmaachen!

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: