Aktualitéiten

Resultater vum Art Challenge Ma wou sinn se all hin?!

Romy Braunert
29/04/2020

Fir den Engagement, d’Kreativitéit an d’Motivatioun vun de SchülerInnen ze promouvéieren an z’ënnerstëtzen, huet d’Equipe vum Internetsite www.eduart.lu de Konschtchallenge Ma wou sinn se all hin?! lancéiert a huet iech proposéiert, d’Liewe vu Personnagen aus Biller duerzestellen, déi wéinst engem béise Virus hier artistesch Kuliss verlooss hunn.

31 SchülerInne vum Cycle 1 (Enseignement fondamental) bis 1re (Enseignement secondaire) hu matgemaach a 40 flott, kreativ a ganz originell Produktioune goufen erageschéckt. De Jury huet besonnesch 12 Produktioune fir d'Kreativitéit an dat technescht Kënne richteg genoss a mat engem Präis belount:

Cycle 1:

  • Amélie KAYSER

Cycle 2:

  • Maurice BAUM

Cycle 3:

  • René KAMRADA
  • Maya KAPUR
  • Zoë LARUSSON (Prix spécial HORS CONCOURS)

Cycle 4:

  • Lorena BAUM
  • Mia THOLL
  • Mina WEIS

Enseignement secondaire, cycle inférieur:

  • Lilly BODSON
  • Halina LAIDEBEUR

Enseignement secondaire, cycle supérieur:

  • Sejla DAUDBASIC 
  • Jill KRIER

De Jury encouragéiert jidderee weiderhi bei de Schouldoheem Art Challengë matzemaachen a freet sech op déi nächst Bäiträg. 

Merci fir d'Matmaachen a Felicitatiounen!

 

Fräizäitgestaltung vun eise Kanner doheem

kannerdoheem.lu

 

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: