Aktualitéiten

Resultat vun der Jonk Theaterauteuren-Challenge

Kozlik / Shutterstock.com
27/04/2020

Duerch d’Jonk Theaterauteuren-Challenge si Schüler a Schülerinnen dozou motivéiert ginn, hir Kreativitéit a kënschtleresch Talent iwwer de Wee vun engem Theaterstéck auszedrécken.

#BleifDoheem war de gemeinsamen Titel.

Et si ganz flott an intressant Theaterstécker erageschéckt ginn. Ganz verschidde Genren, sproochlech Stiler, a kreativ Oderen hunn all Kéiers zu engem angeneeme Lieserliefnis gefouert.

Vu Parodie iwwer Fantasie bis zu ganz intimistesch a realistesch, waren d’Stécker ganz villfälteg an ob hir Manéier eenzegaarteg a gutt.

Och ass d’Zesummenaarbecht mat den Eltere flott ervirgehuewe ginn an et sinn op dee Wee Theaterstécker erageschéckt ginn souwuel vu Schüler aus dem Zykel 2.1 wéi och vu Schüler vu 7e Klassen aus dem Enseignement secondaire.

Motivatioun, Freed um Schreiwen an de Virwëtz fir sech kreativ een Challenge ze setzen huet an allen Altersgruppen zu enger wäertvoller artistescher Kreatioun gefouert.

Mir haten déi schwéier Aufgab ee Gewënner festzeleeën: #BleibzuHause vum Artemis Maria Bäuerlein (7e C1 Athénée de Luxembourg).

Dat ausgewielten Theaterstéck gëtt am Laf vum Joer 2021 zesumme mat Schüler a professionellen Theaterleit inzéneiert a viru Publikum gespillt.

Merci un all Schülerinnen a Schüler an och Elteren déi sech vill Méi ginn hunn fir des Challenge.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: