< zeréck
Mäi Beruff, mäin Talent!
D‘Formation professionelle ass villfälteg a fërdert vill Talenter an de verschiddenste Beräicher.
Weis, wat deng Formatioun besonnesch mécht a gewann e flotte Kaddo!
1. Wiel e konkrete Projet! Eppes wat s du an denger Formatioun léiers a kënne muss (programméier, renovéier, dekoréier, erstell, kreéier...).
2. Film, wéi s du virgees a wat s du brauchs fir zu dengem Endproduit ze kommen! Kommentéier deng Virgoensweis. Denger Kreativitéit si keng Grenze gesat! De Video soll net méi laang wéi 5 Minutte sinn.
3. Lued däi Film bis de 24. Abrëll op Instagram erop mam Hashtag #FoPro2020 an dem Hashtag vun denger Formatioun (z.B. #DAPcoiffeur, #DTinformatik).
4. Kuck dir déi aner Filmer un a LIKE! De Video mat de meeschte Likes gewënnt! Deadline: de 27. Abrëll um 15 Auer.
Ameséier dech, sief kreativ, gëff dech drun, LIKE fläisseg a maach Reklamm.
Mir freeën eis op däi Bäitrag!
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: