Aktualitéiten

Den Accès op d’FWU-Datebank einfach gemaach

Paul Orr / Shutterstock.com
20/04/2020

Enseignantë an Schüler aus dem Enseignement fondamental hunn vun elo un Accès op Filmer an Billergalerien aus der FWU-Mediathéik. Den Zougang ass iwwer den perséinlechen IAM-Code ze realiséieren.

Enseignantë aus der Grondschoul hunn en direkten Accès - soit um Computer an der Klass oder beim Virbereeden doheem - op 1.106 Produktiounen, d.h. ronn 4.400 Filmer, Billergalerien, Aarbechtsblieder an interaktiv Léierunitéiten aus der FWU-Mediathéik. Schülerinnen an Schüler kënnen och direkt mat den Bildungsmedien vum FWU schaffen.

Hei kommt Dir direkt op d’FWU-Mediathéik.

Nei an eenzegaarteg: Schüler aus dem Enseignement fondamental kennen déi komplett Online-Offer vum FWU notzen an dëst fir d’Léieren, Projetsaarbechten oder d’Hausaufgaben an der Schoul awer och vun doheem aus kennen ze realiséieren. D’Mediathéik ass doduerch en groussen Fundus fir alle Memberen aus der Schoulgemeinschaft, déi mat Medien online enseignéieren an léieren wëllen.

D’Contenue aus der Mediathéik stinn fir bal all Fächer zur Verfügung an sinn lizenz- an auteursrechtlech onbedenklech ze notzen.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: