Aktualitéiten

P2P-Helpdesk

P2P-Helpdesk
27/03/2020

An Zesummenaarbecht mam Centre de gestion informatique de l'éducation (CGIE) proposéiert de SCRIPT de Lycéeën, de One2One iPad Koordinatiounsgruppen an den Enseignanten aus de Lycéeën eng Plattform mam Numm P2P Helpdesk (peer to peer), wou déi concernéiert Leit sech géigesäiteg ënnerstëtze kënnen.

Si huet folgend Ziler: 

  • d'Vernetzung tëschent de Lycéeën an den Austausch vu gudden Erfarungen am Schoulalldag ënnerstëtzen
  • den erfuerene Lycéeën erméiglechen, souwäit d'Contenue fir ee nationale Gebrauch ubruecht sinn, hir Ressourcen op nationalem Niveau ze deelen
  • bei Bedarf Froen, déi ausserhalb vum Kompetenzberäich vun der Plattform leien, un déi kompetent Servicer virunzeleeden

 

Dës Plattform ass komplementar zu den aktuellen Hëllefstellungen, an ersetzt a kengster Weis:

 

Op dëser P2P-Helpdesk fannt Dir folgend Kanäl:

  • Allgemeng: Struktur, Ziler an Neiegkeeten zu der P2P Plattform
  • Microsoft O365 Apps: Erfarungsaustausch iwwert de pedagogesche Gebrauch vun O365 Applikatiounen 
  • IOS-Apps: Erfarungsaustausch iwwert de pedagogesche Gebrauch vun IOS-Applikatiounen 
  • IT4T & Zuludesk (Jamf): Erfarungsaustausch am Kontext vum IT4T a Zuludesk (Jamf)
  • Edumedia - bewosst a gewosst Medie pedagogesch asetzen,  
  • Klassesall-Management: Erfarungsaustausch iwwert den online Klassemanagement 
  • Uleedungen/Tutorials: Erfarungsaustausch iwwert d’Plangen, Duerchféieren, Viruleeden a Moderéiere vun Uleedungen/Tutorials innerhalb vun engem Kuer  
  • Videokonferenzen: Erfarungsaustausch iwwert d’Plangen, Duerchféieren a Moderéiere vu Videokonferenzen
  • Evaluatioun: Erfarungsaustausch iwwert formativ a sommativ online Evaluatioun

 

Déi verschidde Kanäl gi vun enger Grupp Enseignantë moderéiert, déi erfueren am pedagogesche Gebrauch vu neien Technologien sinn. All Enseignant-e, déi zu de gestallte Froen eng Äntwert huet gëtt doriwwer eraus encouragéiert, se selwer ze beäntwerten.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: