Aktualitéiten

e-Library vum IFEN

Logo de l'Ifen
25/03/2020

De Centre de documentation pédagogique (CDP) vum IFEN, an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik (BnL), stellt Iech eng Auswiel vun eBooks an digitalen Zäitschrëften an der Beräicher vun der Educatioun an den Erzéiungswëssenschaften zur Verfügung.

 

Wéi kréien ech Zougang op d’eLibrary?

D’digital Bibliothéik ass reservéiert fir Enseignanten a Personal aus dem edukativen a psycho-soziale Beräich vun der Éducation nationale an ass iwwert de Site vum IFEN accessibel. Dir connectéiert Iech einfach iwwert Är IAM-Donnéeën.

 

Wéi eng Dokumenter fannen ech?

De CDP huet eng 6.000 eBooks an elektronesch Zäitschrëften aus dem pädagogeschen an edukativen Beräich ob däitsch an ob franséisch fir Iech erausgesicht.

 

Wéi fonctionnéiert dat Ganzt?

Dir kënnt d’eBooks an d’Zäitschrëften online liesen oder eroflueden.

Dir kënnt bis zu 6 eBooks an all Sprooch fir een Zäitraum vu 14 Deeg ausléinen.

Hëllef bei der Installatioun, bei der Sich, dem Prêt an dem Retour vun den eBooks, fannt Dir an eisem Guide.

 

Wëllt Dir méi dozou wëssen? Braucht Dir Hëllef?

documentation@ifen.lu

 

 

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: