Aktualitéiten

www.kannerzait.lu

kannerzait.lu
20/07/2021

D’Websäit www.kannerzait.lu bitt dosenden Iddien fir Aktivitéiten an der Famill.

Endlech e bëssen duerchootme kënnen an Zäit mat der Famill genéissen: D’Summervakanz steet virun der Dir. An natierlech ass Vakanzenzäit virun allem och Kannerzäit. Fir ze hëllefen, dës wäertvoll Zäit ze gestalten, huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend kuerz virun der Ouschtervakanz am Mäerz e Portal lancéiert mat enger Hellewull vun Aktivitéitsiddien.

Op kannerzait.lu fënnt ee mëttlerweil iwwer 150 sou Iddien an deene verschiddene Rubricken: An der Natur, Aktiv doheem, Am Musée, Op der Bün a Fit a monter. Hei fannt Dir Beschreiwunge vu Plazen an Events a lauter praktesch Informatiounen dozou. An der Rubrik Spillkëscht sinn eng ganz Rei vu Spillanleitunge gesammelt. Firwat net och mol zesummen erëm e flott Brietspill spillen?
kannerzait.lu ass awer méi wéi eng Quell fir flott Aktivitéitsiddien: hei fannt Dir och Iddien a Material fir Exercicen doheem ze maachen an Online-Coursen, mee och Adressen, op deenen ee sech hëllefe loosse kann, wann een e Problem huet.

Och an der Summervakanz wäert d’Websäit all Dag an der Woch mat mindestens enger neier Aktivitéitsiddi ausgebaut ginn. Fir dass méiglechst vill Kanner an Elteren zu Lëtzebuerg vun dëser Informatiounsoffer kënne profitéieren, ass d’Websäit a fënnef Sprooche gehalen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch.

Surft also roueg méi oft laanscht op www.kannerzait.lu.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: