Aktualitéiten

Eis gebaute Welt doheem

Eis gebaute Welt
08/01/2021

Mam Martine an Nadine op Entdeckungsrees tëscht de véier Wänn.

Doheem gëtt et vill ze erfuerschen: Faarwen, Luucht, Raim, Miwwelen, Geräischer an nach villes méi!

Gëff och du Expert vun allem, wat deng gebaute Welt doheem ausmécht. Mir huelen dech mat op eng Rees, doheem. Hei fënns du kleng Aktivitéite fir dës Rees zum Thema eis gebaute Welt doheem.

Dës spannend Missioune si fir Schülerinnen a Schüler vum Cycle 3 a 4.

Méi jonk Schüler kenne mat Hëllef vun den Elteren och matmaachen.

Schéckt d’Fotoen vun

• ärer faarweger gebauter Welt (Mission Regenbogen)

• ärer dekoréierter Fënster (Mission Zimmer mit Aussicht)

• ärem Traumhaus (Mission Traumhaus)

bis den 22/02/2021 op d’Address challenge@script.lu

Vill Spaass !

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: