Aktualitéiten

Flashmob-Danz Challenge!

shutterstock 601268762
30/12/2020

Maach mat beim Flashmob-Danz a gewann e flotte Präis! Hei ass beschriwwen, wat s du maache muss:

  • Danz d’Choreographie, déi s de geléiert hues, nach eemol. Gäre kanns du och zesumme mat denge Geschwëster oder Elteren danzen.
  • Huel däin Danz op, mam Handy, Laptop, Mikro, oder wat s du doheem hues.
  • Op YouTube fënns du dat Lidd, dat s de brauchs.
  • Schéck deng Opnam bis freides, de 15. Januar um 12 Auer iwwer wetransfer.com op challenge@script.lu eran, zesumme mat der Averständniserklärung vun dengen Elteren. Wann s du Problemer dobäi hues, da mell dech roueg bei der Helpline-Equipe.
  • All d’Videoe setze mir zu engem grousse Flashmob-Video zesummen, deen s du dir op schouldoheem.lu ukucke kanns.
  • Ënnert all de Kanner, déi matmaachen, gi Präisser verspillt.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: