< zeréck
Wärend der 1. Covid-19-Well si Leit ronnderëm d‘Welt all doheem bliwwen a mir hunn iwwerall gesinn, ewéi d‘Natur opgeotemt huet.
Déieren hu sech méi aus de Bëscher getraut, Waasser gouf erëm méi kloer, an och d‘Wäerter vun den CO2-Emissioune waren erofgaangen.
Och dëse Summer verleeft anescht ewéi déi aner Joren. Ons Vakanz krut eng nei Nues: Mir maache Vakanz heiheem, respektiv vill méi no bäi ewéi soss. Wéinst dem Coronavirus musse mer gutt op ons Matmënschen oppassen, Distanze respektéieren an ons Hänn wäschen, an ons Summeraktivitéiten anescht organiséieren ewéi mer et gewinnt sinn.
Vill vun ons ginn dofir an d‘Naturparke wanderen, huelen un de Vëlosinitiativen hei am Land deel, oder si begi sech mam Zelt op Expeditioun - heiansdo esouguer direkt an den eegene Gaart! Mir hunn all vill Spaass bei dësen Aktivitéiten, well mir ons Zäit huelen, fir eis Ëmgéigend nei z‘exploréieren a se ons méi genee unzekucken. Mir entdecke villes, wat ons guer net esou bewosst war a mir (re)connectéieren ons mat der Landschaft an dem Liewen heiheem. Alles dat mécht ons Vakanz vill méi nohalteg!
An anere Wierder; mer erliewe ganz bewosst den #SlowTourism an #VakanzDoheem.
An dëser Challenge geet et drëms, dass du ons weis, wat s du an dëser Summervakanz aneschtes méchs wéi déi aner Summeren? A wéi enger Hisiicht ass deng Vakanz méi nohalteg ewéi déi aner Joren? Wat hues du ënnerholl fir déi Zäit richteg ze genéissen, a gläichzäiteg d‘Natur an de Klima ze schützen?
Verziel ons deng Summeraventure!
Wéi s du ons dat wëlls matdeelen, ass dir fräigestallt, du kanns ons z.B. e Dokumentarvideo maachen (max 1:30 Minutten), oder eng spannend Foto knipsen oder e schéint Bild molen, eng Collage zesumme bastelen, eng Geschicht schreiwen oder däin eegent Lidd sangen.
Denger Fantasie sinn hei keng Grenze gesat! Vun C2 bis 5e däerf hei jidderee matmaachen. Et wäerte verschidden Alterskategorie ginn.
Schéck ons deng Aventure bis de 14. September op challenge@script.lu ! Schreif däin Numm an däin Alter derbäi.
Mir freeën ons elo schonn op däi Bäitrag, an déi 10 bescht gewannen e Frupstut-Set vu Restopolis.
Dir kritt als Kaddo eng original Restopolis-Frupstut aus Kotteng mat engem 0,5l myCan-Bidon aus Inox fir waarm a kal Gedrénks, e myKit-Besteck-Set mat enger Forschett, engem Messer an engem Läffel an eng kleng 500 ml-ECOBOX.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: