Aktualitéiten

LESCHT JORHONNERT DADA & HAUT GAGA”

Art Challenge Banner
03/09/2020

Fir den Engagement, d’Kreativitéit an d’Motivatioun vun de SchülerInnen (EF, ES) ze promouvéieren an z’ënnerstëtzen, lancéiert d’Equipe vum Internetsite www.eduart.lu de Konschtchallenge “LESCHT JORHONNERT DADA & HAUT GAGA” a proposéiert dir mat deem, wat s du doheem hues, oder normalerweis géifs ewechgeheien eng “GAGA-Skulptur/Figur” z’entwerfen, ganz am Stil vum Duchamp sengem “Objet trouvé”.

Alles wat s du dofir brauchs si gebrauchte Géigestänn, Verpackungen, eidel Wäschmëttelbehälter, Reschter Stoff, Plastikstuten, Jughurtsdëppercher, Eeërkartong ... an e bëssi Verrécktheet!

Nodeems de däin “Objet trouvé” kreéiert hues, sichs de der doheem eng neutral Plaz als Kuliss a knips en mat denger Handyskamera. Maach der och gäre Gedanken zu der Beliichtung an der Inzenéierung vun dengem “GAGA-Konschtwierk” an iwwerlee der och ee “GAGA-Titel”.

E puer kleng nëtzlech Tricken/Rotschléi:

• Sammel doheem esouvill verschidde gebrauchten, resp. eidel Géigestänn, wéi s de fanne kanns, fir dass de ënnerschiddlech Figuren entwerfe kanns an dono déi beschten, oder soll ee soen, déi am GAGAsten, auswiele kanns.

• D’Géigestänn u sech, däerfe liicht manipuléiert oder verännert ginn.

Enregistréier d‘Foto vun dengem „Objet trouvé“ ënnert folgendermoossen: Numm_Virnumm_Titel a schéck et op eduart@men.lu bis spéitstens den 15. September 2020!

Erklärungen a Beispiller:

• „Objet trouvé“: (fr. Géigestand, dee fonnt ginn ass) = een Alldagsgéigestand, dee fonnt ginn ass, mat Gebrauchsspueren. Duerch d’weil vum Géigestand an enger liichter Weiderveraarbechtung, déi am beschten de Sënn verännert, gëtt et zum Konschtwierk.

• Robert Rauschenberg, APPALACHIAN DOUBLE LATCH SPRING GLUT, Assemblage, Metallteile, 1989

• Jack Milroy, SARDINE PICCANTI, Objet trouvé, 2013

• Romuald Hazoumè, WAX BANDANA, Objets trouvés, 2009

Den Internetsite www.eduart.lu ass di offiziell Plattform fir Konschtunterrecht zu Lëtzebuerg (ESC an ESG) a proposéiert dem Public, SchülerInnen a Léierpersonal, souwéi all aneren Konschtintresséierten eng Vitrinn déi all méiglech Facetten vum Fach regroupéiert.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: