Aktualitéiten

Et wäert emol...

Livre
26/08/2020

An de leschte Wochen a Méint huet de Covid-19-Virus villes duercherneegehäit. Fir eis alleguer!

Sief et fir Erwuessener op der Aarbecht, fir d’Kanner an d’Jugendlecher an der Schoul respektiv/an am #schouldoheem, oder fir jiddereen an eisem Alldag. Villes ass elo anescht wéi nach am Ufank vum Joer oder wéi leschte Summer. Mir goufe geléiert méi virsiichteg ze sinn a méi op eis Matmënschen opzepassen; besonnesch déi, déi vulnerabel sinn an déi mir dofir kengem Risque dierfen aussetzen.

Dëse Summer ass fir eis alleguer och anescht wéi déi lescht Joren a sécherlech net esou wéi ursprénglech geplangt. Vill vun eis verbréngen de Summer ganz doheem an der Famill; anerer maache Vakanz doheem an entdecken nei Plazen am Land.

Mee och wa mir alleguer manner mobil sinn, wéi dat soss de Fall war, heescht dat net, datt mir keng flott Aventuren erliewen an nei Plazen entdecke kënnen: an eiser Fantasie!

Mir alleguer hunn eis Liiblingsbicher mat fantastesche Geschichten, déi mir ëmmer erëm liesen. Oder mir hu Freed, wa mir nei Bicher entdecken an déi eis gefalen.

An dëser Challenge geet et drëm, dass du eis deng flottste Geschichte presentéiers; sief et Neier, déi s du elo entdeckt hues iwwert de Summer oder scho Bekannter, déi s du ëmmer erëm gäre lies.

Wann s du awer net nëmmen eng bestoend Geschicht wëlls presentéieren, mee dir nach méi Gedanken iwwert eng Fantasiewelt wëlls maachen, da kann s du nach méi kreativ ginn. Mir alleguer kennen den Ufank vun de klassesche Märecher: „Et war emol…“ . An der haiteger Zäit geet et awer net ëm d’Vergaangenheet, mee ëm d’Zukunft; eng Zukunft, déi mir elo natierlech net kennen, mä déi awer hoffentlech méi positiv an optimistesch wäert sinn.

Looss dech inspiréieren a lies (oder lauschter) deng Liiblingsgeschichten, Märecher, Bicher, Comics asw. an erfann doropshin däin eegent Zukunkftsbild: „Et wäert emol….“.

Wéi gëtt däin Hierscht? Wéi stells du dir däi nächste flotte Summer vir? Wéi geet et virun an der Schoul? Wat erliefs du alles?

Et gëtt esouvill Themen, déi behandelt kënne ginn.

Dës kënnen ënnerschiddlech Formen unhuelen:

• Erfann eng Geschicht

• Schreif en neit Mäerchen

• Schreif eng Dystopie

• Dréck deng Gedanken a Form vun engem Gedicht aus

• Komponéier e Lidd

• Mol e Bild

• Erfann e Comic

• Dréin e Video

Beschreif eis also däi Liiblingsbuch oder erfann deng eege Geschicht!

Aus all de Projete gi Gewënner ermëttelt an déi flottste Wierker ginn op www.schouldoheem.lu publizéiert.

Vun C2 bis 4ième däerf hei jidderee matmaachen, well et wäerte verschidden Alterskategorie ginn. Ze gewanne gëtt et flott Kaddoen; passend zum Thema!

Schéck ons däi Bäitrag bis de 14. September op challenge@script.lu! Schreif däin Numm an däin Alter derbäi.

Mir freeën ons elo schonn op däi Bäitrag!

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: