< zeréck
Fir an dësen Zäite vu #bleiwdoheem d’Liesen a ganz besonnesch d’Virliesen ze promouvéieren, lancéiert de SCRIPT de Virlies-Challenge Lies aus dengem Liblingsbuch vir.
Dësen erméiglecht et de Kanner, déi gär liesen a virliesen, hire Komeroden déi och doheem sinn flott Geschichten a Bicher weiderzevermëttelen.
Dësen Challenge riicht sech u jidder Bicherwuerm vum Cycle 3, vum Cycle 4 an aus de Klasse vum Cycle inférieur vum Enseignement secondaire (7e-5e).
E ka sécher och Kanner gefalen, déi an den éischten Etappe vum Virliesconcours matgemaach hunn an déi elo net méi kënnen an der regionaler Finall derbäi sënn.
Hues du e Liblingsbuch oder eng Geschicht déi dir extra gutt gefält? Géifs du gären aneren däin aktuellt Liblingsbuch, deng aktuell Liblingsgeschicht méi no bréngen?
Sich an dengem Liblingsbuch en Extrait eraus, deen dir besonnesch gutt gefält. Däin Extrait kann op Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch oder Englesch sinn a soll eng Dauer vun 2 min 45 bis 3 min 30 hunn.
Lies deen Extrait haart vir an huel dech dobäi op. Du kanns dofir ganz einfach däin Handy benotzen, oder op eng App zréckgräifen zum Beispill Bookcreator.
Am Dokument ënnen op der Säit fënns du e puer Tipps, wéis du d’Virliese vun dengem Extrait op eng flott Manéier anübe kanns.
Schéck d’Audiodatei vun dengem Extrait an d’Referenze vun dengem Buch (Titel, Auteur, Verlag, ISBN) bis den 8. Juni 2020 via E-mail op challenge@script.lu. Wann deng Audiodatei ze grouss ass, da benotz wetransfer.com fir de Fichier ze schécken. Vergiess och net däin Numm, deng Adress, däi Cycle / deng Klass unzeginn.
Ze gewanne gëtt et e Bicherbong (pro Cycle am Enseignement fondamental respektiv fir de Cycle inférieur am Enseignement secondaire), deens du beim Lëtzebuerger Libraire vun denger Wiel aléise kanns. D’Gewënner ginn op schouldoheem.lu matgedeelt an d’Bicher aus deenen déi flottst Extraite virgelies goufen gi genannt.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: