< zeréck
Et ass endlech Fréijoer, an d’Natur fänkt erëm un mat wibbelen. Bei dëser Challenge geet et dorëms wëll Déieren an wëll Planzen, also d’Biodiversitéit, an onsem Ëmfeld ze dokumentéieren.
Ënnert Biodiversitéitsbeobachtung versteet een d’Sammelen vun Informatiounen iwwert d'Virkomme vun enger wëller Planz, engem wëllen Déier oder engem Champignon ob enger gewësser Plaz zu engem gewëssen Zäitpunkt.
Mat der iNaturalist-App kann een all des wichteg Informatiounen (wat, wou an wéini) ganz einfach erfaassen an mat jidderengem deelen.
Dës Challenge ass ganz interaktiv a leeft iwwert eng App, wou och Spezialisten aus der ganzer Welt iech hëllefen bei der Bestëmmung vun den Aarten déi dir beobacht a knipst.
Wichteg ass et datt dir wëll Planzen an wëll Déieren dokumentéiert:
Du hues 13 Joer oder méi? Dann hues du zwou Wochen Zäit (bis den 22.05.2020) fir bei dëser Challenge mat ze maachen a wëll Aarten ze beobachten.
Des 3 Schrëtt sinn wichteg:
1. Sech bei iNaturalist umellen
Opgepasst! Um iNaturalist kann een eréischt een Konto maachen wann een 13 Joer huet.
Fir unzefänken kanns du dir d’iNaturalist-App gratis eroflueden:
Da kanns du dir e Konto bei iNaturalist opmaachen, dofir musst Du nëmmen eng E-Mail-Adress uginn an een Usernumm a Passwuert wielen. Dëse Video erkläert wei der en Konto kennt erstellen.
Alternativ kann een sech och mat engem Facebook oder Google Account registréieren.
Mat dësen Informatioune kann een sech dann an d’App oder de Website aloggen.
Dann ass et wichteg, fir datt mer ons all virtuell fir dësen Challenge zesummen fannen, dat s du de am iNaturalist de "Projet" mam Numm Natur Doheem Challenge 2020 (Link) sichs, an dann op "join’’ klicks. Dëse Schratt ass nach eng Kéier genee an dësem Video erkläert.
2. Sech fir den Challenge bei Schouldoheem umellen
Schreift ons och wgl. direkt vun Ufank un iwwert challenge@script.lu fir ons matzedeelen dat s du bei dësem Challenge matméchs, an deel ons däin iNaturalist Usernumm mat, esou wéi däin IAM an deng Schüler-Email-Adress. Well esou kennen mer d’Gewënner herno direkt kontaktéieren an d'Cadeauen verschécken.
3. Action!
Wann s de dann ageloggt bass bei iNaturalist, an am richtegen "Projet" Natur Doheem Challenge 2020 (Link) ugemellt bass, kanns de deng Beobachtungen als Fotoen erop lueden. Dofir kanns de nei Fotoen maachen, oder flott Fotoen vun wëllen Aarten aus dengem Fotoalbum erop lueden.
Hei sinn puer Videoen déi dir erklären wéi dat funktionéiert:
Alles, wat net wëll ass (also kultivéiert Planzen, oder Hausdéieren), mussen (!) als solches markéiert ginn. An dësem Video ass erkläert wéi dat geet. Wgl. keng Hënn, Kazen a Mënschen fotograféieren.
Den aktuellen Stand vum Challenge an all är Beobachtungen kenn dir am ‘’Projet’’ Natur Doheem Challenge 2020 live um iNaturalist mat verfollegen: Link.
Fir d'Matmaachen ginn et Som-Mëschungen vun wëllen Planzen ze gewannen. D'Top-Beobachter ginn, an verschiddenen Kategorien mat enger Auswiel un Bicher iwwert d'Natur, Fauna an d'Flora vun Lëtzebuerg belount.
De Musée national d'histoire naturelle (MNHN) këmmert sech drëms de Projet um iNaturalist ze verwalten an hëlleft beim Bestëmmen a Validéiere vun de Beobachtungen. E grousse Merci dofir un d’Equipe vum MNHN!
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: