< zeréck
Dës Challenge riicht sech u d’Schülerinnen a Schüler vum éischte Cycle (C1) bis zum véierte Cycle (C4).
Du waars bestëmmt schonn eng Kéier an engem Labyrinth. Et ass net ëmmer einfach de Wee do derduerch ze fannen. Lo stell Dir mol vir, Du géifs Dengem Frënd oder Denger Frëndin de Wee duerch e Labyrinth erklären; dat ass net sou einfach. Du muss dobäi genau op all Schrëtt oppassen: Wéini gees Du no vir? Wéini dréis Du Dech op der Plaz no lénks oder riets? Du kanns och ofkierzen an uginn, wann Aktioune musse widderholl ginn.
Bei dëser Challenge trëffs Du an all Cycle op een anert Labyrinth. Fann de genaue Wee vum Start bis bei d’Zil a schéck eis Deng Léisung.
Schéck Deng Äntwert bis zum 15.5. op educoding@men.lu. Fir all Cycle louse mer een oder eng Gewënnerin aus.
Vill Spaass beim Matmaachen!
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: