Aktualitéiten

Challenge: Mäi Wee duerch de Supermarché

Gurza / Shutterstock.com
08/05/2020

Hues du als kleng Kand och vill Zäit mat dengem Spillbuttek verbruet, an gären Uebst, Geméis, Fleesch a Mëllech an d’Regal geraumt fir se dono denge Geschwëster an Frënn ze verkafen?

Haut wëlle mer eis erëm mat deem Thema auserneesetzen: Allerdéngs mat deene richtegen, groussen Supermarchéen déi s de bestëmmt schonn oft mat denger Famill besicht hues.

Bei dësem Ausfluch an de Supermarché léiers de vill iwwert den Opbau vum Supermarché, an doriwwer wéi Produiten an d’Regaler zortéiert sinn. Du gëss awer och gewuer wisou dass du heiansdo méi akeefs wéis du eigentlech brauchs. Als Ofschloss kanns du eis och nach soe wie däin Dramsupermarché géif ausgesinn.

Wann s du prett bass dësen Challenge unzehuelen, dann schéck eis dat ausgefëllten Aarbechtsblat (Dokument ënnen op der Säit) bis de 19. Mee 2020 iwwert wetransfer.com un challenge@script.lu. Vergiess dobäi net eis däin Numm an deng Adress matzedeelen.

D’Gewënner duerfe sech op flott Präisser freeën. Dësen Challenge riicht sech u Kanner aus dem Zykel 4. Wann s du méi jonk bass an dech trotzdeem prett spiers fir matzemaachen dann duerfs du dat gäre maachen.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: