Aktualitéiten

Challenge: Et ass en Dilemma!

dodoit / Shutterstock.com
05/05/2020

An der Philosophie nenne mer eng Situatioun, an där et keng richteg a keng falsch Léisung gëtt, en Dilemma. Du kenns dat: Am Fong huet de Papp oder d’Mamm gesot, et däerft ee keng Kamell méi iessen, mee si schmaacht awer esou gutt, datt een sech iwwerleet, ob een net awer soll nach eng Kamell iessen, well et gëtt jo keen et gewuer an et schuet jo och kengem. 

Dem Philosoph seng Aufgab ass et, fir iwwer esou schwiereg Froen nozedenken. Natierlech net iwwer Kamellen, mee iwwer wierklech schwiereg Froen. Hie mécht dat mat Argumenter, déi en sech fir déi eng oder aner Positioun iwwerleet an déi hien da kritesch kuckt.

An dësem Challenge kriss du ausgoend vun enger kuerzer Geschichte 3 verschidde philosophesch Missiounen. Bei deene Missioune muss du gutt nodenken an deng Gedanken an Argumenter schrëftlech festhalen. Méi Informatioune fënns du am Dokument ënnen op der Säit.

Wann s du am Cycle 4 bass an dësen Challenge wëlls unhuelen, da schéck eis deng 3 Missiounen als Text bis den 19. Mee 2020 un challenge@script.lu.  

De Gewënner kann sech iwwer e flotte Präis freeën. Schéck eis och däin Numm an deng Adress, fir datt mir dech  kënne kontaktéieren, wann s du de Präis gewonnen hues.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: