< zeréck
Bei dësem Challenge geet et drëm, eng Geschicht a Biller ze faassen. Eng Geschicht gëtt op Lëtzebuergesch erzielt. Du probéiers genee nozelauschteren an esou vill Detailer ewéi méiglech ze molen. Am einfachsten ass et, wann d‘ Kand wärend dem Nolauschteren déi grouss Saachen aus der Geschicht moolt an se eréischt fierft a weider Detailer moolt, wann d‘ Geschicht fäerdeg ass.
Gebraucht gëtt fir dësen Challenge net vill: E Blat a Faarwe ginn duer, an ... gutt Oueren. D‘ Faarwe kënne Stëfter, Bläistëftsfaarwen, Fangerfaarwen, Waasserfaarwen, Gouachen oder Wuessfaarwe sinn, dat, wat dir grad Loscht drop hutt an doheem hutt.
Dësen Challenge riicht sech un d‘ Schüler aus dem Cycle 1. Mee natierlech kann d‘ ganz Famill mat molen an duerno kënnen d‘ Biller, déi erauskomm sinn, doheem matenee verglach ginn. D‘ Kanner aus dem Cycle 1 kënnen eng Foto vun hirem Meeschterwierk bis den 11. Mee 2020 un challenge@script. schécken. Déi dräi flottste Biller gewannen e Set aus engem Molbuch a Faarwen. Schreif wgl. däin Numm, de Cycle an deng Adress derbäi, fir datt mir dir de Kaddo och kënne schécken, wann s du ënner deene gléckleche Gewënner bass.
D’Geschicht kënnt dir hei lauschteren.
Dir fannt nach aner Variatioune vun dësem Spill ënnert dësem Link.
Sou an elo: Lauschter gutt no a vill Spaass beim Molen!
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: