< zeréck
D’Fréijor ass d’Zäit vun de Kanner! Wann s du rausgees an de Gaart oder an de Bësch, da gesäis du, dass d’Natur erwächt ass an iwwerall jonk Planzen an der Bléi sinn.
Haut geet et dorëm, dass du dech an ee Kand eraversetz an zwar an ee Bamkand! Kuck bei dengem nächste Spazéiertour no sou engem Bamkand. Gemengt ass eng ganz jonk Bamplanz.
Fotograféier de jonke Bam a kuck dech an der Géigend ëm: Wou steet de Bam? Wéi eng Planzen stinn ëm hien ronderëm? Wéi eng Stëmmung ass hei?
Deng Aufgab ass et, ee kuerzen Text ze schreiwen, an deem s du d’Gedanke vun dengem klenge Bam nidderschreifs. Sou een Text nennt een een ‚innere Monolog’. Denger Kreativitéit si keng Grenze gesat.
Villäicht wonnert sech dat klengt Bamkand, dass sou vill vun deene komesche Mënsche grad mat enger Mask ronderëm lafen?
Villäicht ass d’Bamkand traureg, well et net méi séier wiisst an sou nëmme wéineg vun de waarme Sonnestralen ofkrit?
Benotz d’Schreiftipps als Hëllefsstellung a schéck eis däin Text bis de 24. Mee 2020 op challenge@script.lu. Dës Aufgab ass fir Schüler a Schülerinnen aus dem Cycle 4.
Du kanns op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch schreiwen.
Déi bescht Geschichten ginn op schouldoheem.lu virgestallt an ënner alle Kanner, déi matmaache, gi Präisser verloust.
En Online-Tutorial an Tipps, wéi een en innere Monolog schreift, fënns du an dësem Video an am Dokument ënnen op der Säit.
Vill Spaass beim Schreiwen!
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: