Aktualitéiten

Challenge: De coolste Vëlosparcours

Sergey Novikov / Shutterstock.com
07/05/2020

Elo gëtt et sportlech! Zesumme mat der Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois (FSCL) siche mir de „coolste Vëlosparcours“ mat dir als Protagonist.  Bau däin eegene Geschécklechkeetsparcours am Gaart oder virun denger Hausdier  op a looss dech beim Fueren op dem Parcours filmen.

 

Dir feelt et un Iddien? 

Da kuck dir dach einfach hei d‘Übungen an Aktivitéite fir Kinder mam Vëlo un, déi d‘FSCL gemeinsam mat dem SCRIPT ausgeschafft huet.

 

Hues du elo Loscht krit dech op de Vëlo ze sëtzen?

Dann hu mir nach e puer Konditioune fir matzemaachen:

  • Du bass Schüler/in am EF (C1-C4).
  • Déng Sécherheet läit eis um Häerz, dofir muss du beim Fueren däin  Helm op dem Kapp hunn, soss musse mir däi Video leider vum Challenge ausschléissen.
  • Pass gutt op dech op a géi kee Risiko an. Du hëls op däin eegene Risiko deel, SCRIPT an FSCL iwwerhuele keng Haftung bei eventuelle materiellen oder kierperleche Schied oder Accidenter.
  • Mir bewerten no dräi Kritären: Kreativitéit, Variatioun an Ausféierung.
  • Schéck däi Film bis de 7. Juni 2020 iwwert wetransfer.com un challenge@script.lu. Wann s du wëlls, kanns du däi Film och zousätzlech per Facebook un d‘FSCL schécken a stëmms domat zou, dat deen op der FSCL-Säit verëffentlecht ginn däerf.
  • Vergiess net däin Numm, Schoulzyklus, Klass (eventuell och Vëlosclub oder LASEP-Grupp) an déng privat Adress an eventuell eng Telefonsnummer unzeginn, fir dat mir dir Bescheed soe kënnen, wann s du dee coolste Parcours  opgebaut hues.

 

Matmaache lount sech, well de Gewënner krit fir seng ganz Klass (oder säi Veräin, seng LASEP-Grupp) eng flott Vëlosaktivitéit mat dem Christine Majerus (amtéierend Landesmeeschterin am Zäitfueren, op der Strooss an am Cyclocross, Gewënnerin vum G.P. Elsy Jacobs 2017, Gewënnerin vun der Boels Ladies Tour 2019), mam  Suzie Godart (fréier  Landesmeeschterin am Mountainbike, am Cyclocross an op der Strooss, amtéierend Welt- an  Europameeschterin bei de Masters am Cyclocross an Europameeschterin am Mtb bei de Masters) a mat dem Frank Schleck( Gewënner 2006 vun der Amstel Gold Race, Etappegewënner bei der Tour de France, villfache Lëtzebuerger Landesmeeschter op der Strooss).

Zousätzlech gëtt et nach eng Rei flott Trouschtpräisser mat ënnert anerem 10 Akafsbonge vu jee 50€ fir den Asport gestëft vun der LASEP an eng Extrawäertung fir Kanner mam Lafrad.

Mir freeën eis op däi Parcours, a vläicht däerfs du jo scho geschwënn e puer vun eise Lëtzebuerger Vëloscrack’e kenneléieren.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: