< zeréck
Fir den Engagement, d’Kreativitéit an d’Motivatioun vun de SchülerInnen (EF, ES) ze promouvéieren an z’ënnerstëtzen, lancéiert d’Equipe vum Internetsite www.eduart.lu de 5. Konschtchallenge Meng Geschicht, mäi Film a proposéiert dir mat deem, wat s du doheem hues, oder normalerweis géifs ewechgeheien, deng Geschicht unhand vun der sougenannten Stopmotion-Technik (Erklärvideo) z‘erzielen.
Alles wat s du dofir brauchs ass deng Handyskamera oder d‘Kamera vun dengem Tablett, Géigestänn, Pabeiersschnëppselen, eng Kuliss an eng roueg Plaz, déi gutt beliicht ass. Denk dir eng Geschicht mat de Géigestänn aus: d’Geschicht ka real sinn, dat heescht sech op d‘ Wierklechkeet baséieren et kann natierlech och eng erfonnte Geschicht sinn. Wann deng Geschicht bis feststeet, gees du op eng roueg Plaz, wou keen dech beim Schaffe stéiere kann, lee dir deng Géigestänn prett, fixéier Handy oder Tablett, fir datt en net verrëtschen oder wackele kann, a maach zum Beispill d’Applikatioun Stop Motion Studio (IOS) op a da kanns du mat denger Geschicht starten.
E puer kleng nëtzlech Tricken/Rotschléi:
Enregistréier deng Animatioun ënnert folgendermoossen: Numm_Virnumm_Titel an schéck et op eduart@men.lu bis spéitstens den 8. Juni 2020. Opgepasst, doduercher datt et mat grousser Warscheinlechkeet eng grouss Datei wäert sinn, schéck et iwwert de Site wetransfer.com. Zéck net fir Hëllef vun engem Erwuessenen ze froen.
Erklärungen a Beispiller:
eduart.lu
Den Internetsite www.eduart.lu ass di offiziell Plattform fir Konschtunterrecht zu Lëtzebuerg (ESC an ESG) a proposéiert dem Public, SchülerInnen a Léierpersonal, souwéi all aneren Konschtintresséierten eng Vitrinn déi all méiglech Facetten vum Fach regroupéiert.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: