Aktualitéiten

On water-Challenge

Yann Arthus-Bertrand / Banque européenne d’investissement
20/04/2020

Dësen Challenge ass fir d’SchülerInnen vum éischten Zyklus (C1) bis op 1ère.

Kennt dir schonn d’Fotosausstellung mat de wonnerschéine Biller vun den zwee Fotographe Yann Arthus-Bertrand a Philippe Bourseiller? Hir Fotoen erlaben dir et ronderëm d’ganz Welt ze reese vun Tansania bis op Neikaledonien. Si beschäftege sech mat alle Facettë vum Waasser a mam Thema vun der Nohaltegkeet, a wéisou ee gutt op Waasser soll oppassen!

D’Ausstellung gëtt a verschiddene Lycéeën hei am Land ausgestallt. Mee well mer awer am Moment net kënnen dohinner goe fir se ons unzekucken, hu mer ons geduecht, mir bréngen iech d’Ausstellung Heem!

An der Rubrik on water/die Ausstellung fannt dir vill verschidde Fotoen, déi ronderëm d’ganz Welt opgeholl goufen, an déi sech mat den ënnerschiddlechen Aspekter vum Waasser auserneesetzen. Wann dir op eng eenzel Fotoe klickt, kënnt dir se méi grouss gesinn, a wann dir mat der Maus driwwer fuert, gesitt dir och Erklärungen zu der Foto. An der Rubrik onwater/Schulungsmaterial si flott Exercicer a Quizzen zu der Ausstellung. Gären kënnt dir iech déi ukucken a probéieren déi eng oder aner ze léisen, wann dir dozou Loscht hutt.

Wéi gesäit den Challenge fir dech aus?

  1. Du hues bestëmmt och schonns déi eng oder aner Liiblingsfoto fonnt. Entscheet dech fir eng Foto, déi dech am meeschten inspiréiert, sief et well s du se besonnesch schéi fënns oder well se eng Erënnerung an dir waakreg rifft, oder well s du dir besonnesch vill Froen zu der Foto stells.  
  2. Unhand vun dëser Foto, gëff elo kreativ a maach deng eege Foto zum Thema Waasser oder schéck ons ee Bild zum Thema dat s du gezeechent hues oder stell eng Collage zesummen. Du bass den Artist oder d’Artistin.
  3. Erklär ons wat s du mat denger Foto/ dengem Bild oder denger Collage soe wëlls. Wat ass de Message hanner denger Kreatioun? Erklär wéi deng Liiblingsfoto aus der On water - Sur l'eau Ausstellung dech heizou inspiréiert huet!
  4. Schéck deng Kreatioun via Email op d’Address  challenge@script.lu. Et ass wichteg, dass du däin Numm, IAM, Alter, Schoul a Klass mat ugëss. D’Deadline fir alles eran ze schécken ass de 25. Mee 2020.

De Fotograph Philippe Bourseiller ass héchstperséinlech am Jury, an d’Wierker vun de GewënnerInnen ginn online op www.onwater.lu mat ausgestallt.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: