Aktualitéiten

Fake News-Challenge

Dilok Klaisataporn / Shutterstock.com
22/04/2020

An dëse Woche wärend der Corona-Epidemie gi vill falsch Informatioune – gewollt oder net gewollt – verbreet. Dowéinst wëllt den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) mat senger Challenge hëllefe Wourechte vun Onwourechten zum Thema Coronavirus ze trennen, an Informatiounen déi falsch sinn, richteg ze stellen. An genau do kommen déi Jonk an d’Spill.

Du hues dech an de leschte Woche bestëmmt och gefrot, wou de Coronavirus hir komm ass, fir wien e wéi geféierlech ass a wat dat lo fir Konsequenzen huet fir eis all. Dozou hues de bestëmmt Informatioune gelies, gelauschtert a gesinn, an da gemierkt, dass sech Informatioune widderspriechen oder dir net ganz logesch schéngen. Dann hunn mir de richtegen Challenge fir dech:

Sich am Internet no falschen Informatiounen zum Coronavirus. Beweis, firwat d’Informatioun falsch ass a stell se mat Hëllef vu Fakte richteg.

Klengt komplizéiert? Ass et net. An deem, dass du eis 5 Froe beäntwers, hues du de Beweis schonn ofgeschloss:

  1. Wou ass d’Fake News hir? Ass et eng sécher Quell?
  2. Ëm wat geet et?
  3. Firwat ass et falsch?
  4. Wéi ass déi richteg Informatioun?
  5. Wou hunn ech déi richteg Informatioun fonnt?

Scheck eis d‘Fake News, Verschwierungstheorie oder de Meme an däi Beitrag als klengen Text bis zum 27. Abrëll  op info@zpb.lu zou.

Deng Méi kann och belount ginn: Den ZpB verloust eng Koppel Kinostickete fir déi Zäiten, an deenen d’Kinoe rëm wäerten ophunn.

E kléngen Tipp: Wann s du dir net sécher bass ob et sech bei den Informatiounen am Internet ëm glafwierdeg Informatiounen oder ëm Fake News handelt, da kann dir dës Säit weider hëllefen: http://propaganda.guide.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: