Aktualitéiten

Eis Gefiller – e Reflexiounschallenge

Andrii Yalanskyi / Shutterstock.com
28/04/2020

Empathy ass en englescht Wuert, mat deem d'Fäegkeet gemengt ass, sech an engem aneren seng Situatioun ze versetzen a Versteesdemech fir seng Gefiller ze weisen.

Wa mir déi aner mat Récksiicht an Opmierksamkeet behandele wëllen, brauche mir eng Sprooch, déi "vum Häerz" kënnt. Dofir gouf eng nei Sprooch erfonnt: d'"Sprooch vun der Giraff".

Den amerikanesche Psycholog Marshall B. Rosenberg (1934–2015) huet d'gewaltfräi Kommunikatioun entwéckelt, fir déi hien als Symboler d'Sprooch vun der Giraff an déi vum Wollef benotzt huet.

D'Sprooch vun der Giraff ass déi sensibel Sprooch vum Häerz, déi eis et erméiglecht, eis éierlech a kloer auszedrécken, eis Gefiller a Besoine matzedeelen an déi aner no hire Gefiller a Besoinen ze froe – mir gebrauche Wierder, déi eis verbannen.

Och an der Sprooch vum Wollef soe mer, wat eis Besoine sinn, mee mir gebrauchen dofir Wierder, déi et méi schwéier maachen, verstanen ze ginn oder anerer ze verstoen.

Dofir hu mir haut eng flott Aufgab fir dech – wourëm geet et?

  • Kuck der d'Beschreiwung vun der Aufgab am PDF-Dokument ënnen op der Säit gutt un. An dësem Video fënns du weider Informatiounen.
  • Probéier, déi eenzel Aufgabe mat denge Geschwëster an/oder Elteren ze maachen.
  • Beäntwer d'Froen.

 

Maach eng Foto vun der Affiche a schéck se mat engem Remerciement bis den 11. Mee 2020 iwwer wetransfer.com  un d'Adress challenge@script.lu. Gëff wgl. och däin Numm, deng Schoul an deng Klass un, fir datt s de am Fall vun engem Gewënn kanns kontaktéiert ginn. D'Challenge riicht sech u Schüler a Schülerinnen am Alter vun 9 bis 12 Joer.

D'Nimm vun de Gewënner ginn de 15. Mee op schouldoheem.lu an op www.jel.lu publizéiert. D'Gewënner kréien Tickete fir an de Kino fir sech an hir d'Famill (4 Leit).

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: