< zeréck
Du wollts schonn ëmmer mol e Film dréinen an domadder aner Leit inspiréiere? Bei dëser Challenge bass du Produzent*in, Regisseur*in, Kameramann/Fra, Cutter*in an Alldagsverbesserer*in an enger Persoun!
D’Aufgab
Dréin e kuerze Film mat dengem Handy zum Thema Doheem. Weis däi „néien“ Alldag an/oder beschreif deng homeschooling-Situatioun!
Wat s de brauchs
Iwwerlee dir eng kuerz Story
Deel deng Story an dräi Deeler op an notéier dir e puer Saachen
Fänk un mat filmen
Nobeaarbechtung
Zéi dono däi Material an de Programm fir d’Filmer ze schneiden an dann kanns du de Film beaarbechten. Du wäers gesinn, et ass einfach an et mécht vill Spaass!
E puer Tipps fir Filmer selwer ze dréinen a ze schneide gëtt et hei:
Däi Film sollt maximal 2 Minutten daueren.
Aschécken
Schéck däi Film, wann en fäerdeg ass, zesumme mat de signéierten Averständneserklärungen iwwer wesendit.com un challenge@script.lu. Stéchdatum ass den 18. Mee 2020.
Gewënn
Fir déi 5 bescht Filmer gëtt et eng Visite guidée an de Filmland-Studios zu Kehlen/Lëtzebuerg a jeeweils eng DVD aus dem Paul Thiltges Distributions Shop.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: