< zeréck
Eis gebaute Welt gëtt dir verschidde Missiounen, fir déi gebaute Welt, an där mir liewen, ze erfuerschen. Dës Uerter, Plazen, Stroossen, Gebaier a Baudeeler kënne vu baussen, awer och vu bannen ënnersicht ginn (méi Informatiounen iwwer Eis gebaute Welt fannt dir hei).
Dramhaus ass eng weider Missioun an dëser Rei an adresséiert sech un iech all, well dir jo den Ament doheembleift aus Récksiicht op vulnerabel Mënschen, fir déi eng Infektioun mam Coronavirus geféierlech wier. Villmools Merci!
Fir dʼZäit doheem sënnvoll ze notzen, stelle mir iech virun Erausfuerderungen, déi léierräich sinn an och Spaass solle maachen.
Bei dësem Challenge léiert dir, är Wunneng ze zeechnen, wéi e Profi! Ausserdeem däerft dir zum Schluss ärer Fantasie fräie Laf loossen an äert Dramhaus entwerfen; et däerf alles hunn, wat iech gefale géif, zum Beispill vill Schlofkummeren, eng Sportshal oder e Kino am Keller, eng grouss Stuff, e Bam um Daach. D'Zeechnung soll kreativ a witzeg sinn. Villäicht inspiréiert se souguer richteg Architekten an Architektinnen?
Hëls du deng Missioun un?
Da kuck dir däin Optrag genee un! Méi Informatiounen zur Challenge fënns du am PDF-Dokument ënnen op der Säit an an dësem Video.
Schéck Fotoe vun der Zeechnung vun dengem Dramhaus op: challenge@script.lu.
Benotz wetransfer.com fir grouss Dateien.
Deng Missioun muss bis de 25. Mee 2020 erfëllt sinn. Vill Gléck!
Ze gewannen
Déi dräi bescht Resultater gi mat engem Eis gebaute Welt-Rucksak mat villen Extrae belount. Domat kënnt dir dann zesummen an ärer Klass, wann dat erëm méiglech ass, Missiounen an ärer Gemeng oder am ganze Land erfëllen.
Wien däerf matmaachen?
All dʼKanner a Jugendlech vum Cycle 3 un.
Froen?
Schreif eis se op challenge@script.lu.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: