Aktualitéiten

Challenge: Just nëmme Steng?

Tatiana Ermakova / Shutterstock.com
30/04/2020

Hues du jeemools Steng, Waken oder Kiselsteng fonnt, deenen hir Form dech un en Déier, en Objet oder eng Persoun erënnert huet? Vläicht hues du duerch dëse Steen vun enger verzauberter Plaz voller fantastesche Kreature gedreemt?

An dësem Challenge hues du d'Méiglechkeet fir dës normalerweis doudeg Steng a Kiselsteng zum Liewen ze bréngen. Ziel eis dat Märchen, déi Geschicht oder dat Gedicht, déi s du am léifsten hues andeems du déi mat denge „Geschichtssteng“ animéiers. Wann s du eng Iddi fir eng eege Geschicht oder deng Versioun vun engem Märchen oder engem Gedicht hues… da fuer duer. Du kanns deng ganz Kreativitéit bei dësem Challenge erausloossen.

 

Material:

  • Kiselsteng, Steng, Waken (Fir de Fall dass du keng hues: Stëpp oder Kapselen).
  • Permanentstëft an/oder Acrylfaarf. Du kanns deng Zeechnungen och op engem Blat maachen. Dono schneits du se eraus a pechs se op deng Steng. Mir schloen der och fir, deng Steng mat der Zerwéitentechnik a mat Bastel- oder Tapezéiererpech ze fierwen.
  • Eng Tablett, e Computer oder däin Handy fir deng Aarbecht ze späicheren an ze verschécken.
  • D’Dokument „Structure et lexique“ en Annexe als Hëllef fir deng Geschicht ze schreiwen an ze erzielen.

 

Wéi kanns du matmaachen:

Cycle 2 - Cycle 3

  • Wiel ee Gedicht oder en Text aus der Lëscht vum Dokument en Annexe. Wann s du op de Link klicks, kanns du d’Gedicht och lauschteren.
  • Zeechen d'Figuren, d‘Objeten an d‘Dekoren déi an dengem Gedicht eng Roll spillen op Steng, Kiselsteng oder Wake mat enger vun den Techniken déi uewen op der Säit beschriwwe gi sinn.
    Du däerfs mole wat s du wëlls: D’Haaptfiguren (Meedchen, Jong, Groussmamm, Kobold, eng Famill, ...), Objeten oder Déieren (Won, Auto, Päerd, Wollef, Eil, Eenhar, ...) oder Dekoren (Beem, Bësch, en Haischen, e Schlass op engem Fiels, Bierger, ...).
  • Léier d’Gedicht auswenneg an üb, fir dat mat dengen Acteuren aus Steen opzesoen.
  • Wann s du prett bass, huel deng animéiert Geschicht mat denger Tablett, dengem Handy oder engem anere Späichergerät op.
  • Schéck eis däi Meeschterwierk op challenge@script.lu (oder iwwer WeTransfer fir e gréissert Dokument) bis den 11 Mee 2020.

 

Cycle 3 - Cycle 4

  • Erfann selwer eng Geschicht oder maach deng eege Versioun vun enger Geschicht, enger Fabel oder engem Gedicht. Schreif däin Text an en Dokument am Word, Pages oder Openoffice. Wann s du léiwer Notizen op engem Blat méchs, kanns du och eng Foto vun den handgeschriwwene Blieder maachen (Pass w.e.g. op d'Qualitéit op).
  • Mol d‘Figuren, Géigestänn oder Dekoren déi eng Roll an denger Geschicht spillen op Steng, Kiselsteng oder Waken. Du kanns Acrylfaarwen oder Permanentstëfter benotzen.
    Du däerfs mole wat s du wëlls: D’Haaptfiguren (Meedchen, Jong, Groussmamm, Kobold, eng Famill, ...), Objeten oder Déieren (Won, Auto, Päerd, Wollef, Eil, Eenhar, ...) oder Dekoren (Beem, Bësch, en Haischen, e Schlass op engem Fiels, Bierger, ...).
  • Üb, fir deng Geschicht mat Hëllef vun dengen Acteuren aus Steen ze zielen. Iwwerlies däin Text gutt fir dass du dech ganz op d’Spill mat de Steng konzentréiere kanns.
  • Wann s du prett bass, huel deng animéiert Geschicht mat denger Tablett, dengem Handy oder engem anere Späichergerät op.
  • Schéck eis däi Meeschterwierk op challenge@script.lu (oder iwwer WeTransfer fir e gréissert Dokument) bis den 11 Mee 2020.

 

Déi bescht Wierker gi mam Numm vun de Gewënner op schouldoheem.lu publizéiert. Sie gi mat engem Bicherbong fir hier Méi belount.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: