< zeréck
Eisen Challenge vun haut féiert dech wäit zeréck an d‘Vergangeheet, an d’Zäit wou déi grouss Dinosaurier gelieft hunn.
Du interesséiers dech fir Fossilien? Du wëlls wëssen, wéi et zu Lëtzebuerg viru Millioune vu Joren ausgesinn huet? Dann iwwerhuel d’Roll vun engem/enger PaleontologIn an erfuersch d’Déieren aus der Urzäit!
Stell dir fir den Challenge vun haut vir, dass du op engem Chantier am Süde vu Lëtzebuerg wiers. De Bagger huet Gestengs eraus gewullt, déi gro a geschiefert sinn. Dir fält op, dass d’Gestengs vill kleng Brochstécker vu Muschelen enthält. Et besteet also eng gutt Chance, fir gréisser Fossilien ze fannen. Du schléis mat dengem Geologenhummer e puer Steng op, an zack! Däin éischte grousse Fossil! Elo bass de lancéiert, du sichs systematesch de Chantier of an hues no 2 Stonnen e puer aussergewéinlech Fossilie fonnt.
Du fiers zeréck an den Naturmusée, botz deng Fossilien, an da geet d’Aarbecht eréischt richteg lass. An der haiteger Challenge iwwerhëls du d’Aufgabe vun engem/enger PaleontologIn a probéiers erauszefannen, wat d’Fossilien dir iwwert d’Ëmwelt vu fréier verroden.
D’Challenge ass an 3 Schwieregkeetsgraden ze maachen:
Gewënner sinn déi jonk PaleontologInnen, déi all Fro richteg beäntwert hunn, an déi originellsten Äntwerten oder Zeechnungen agereecht hunn. Di 3 éischt GewënnerInnen pro Alterskategorie kréien als Präis en original Fossil aus Lëtzebuerg.
Scheck deng Äntwerte bis den 24. Abrëll 2020 op challenge@script.lu. Vergiess net an der Email däin Numm, däin Alter, deng Klass an deng Schoul derbäi ze schreiwen.
Dës Challenge ass a Kollaboratioun mam Science Club an der Sektioun Paläontologie vum Musée national d'histoire naturelle zesummengestallt ginn. Wann s de Fossilien spannend fënns, kanns de och op de socialmedia mam Hashtag #FossilFriday weider fuerschen.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: