Aktualitéiten

Challenge: Eis gebaute Welt - doheem

Challenge: Eis gebaute Welt - doheem
02/04/2020

Eis gebaute Welt (hei fënns du méi Informatiounen zum Projet Eis gebaute Welt), beoptraagt dech mat Missiounen, fir d’Welt ronderëm dech ze entdecken, sief et an denger Gemeng, déi s du gutt kenns, oder op enger neier Plaz, déi s du nach erfuersche muss.

Doheem an eiser Stopp verbrénge mir elo vill Zäit. Dofir beoptrage mir dech haut, dir deng “gebaute Welt” doheem genau unzekucken.

Verschiddener wunnen an Eefamilljenhaiser, anerer an Appartementshaiser. Egal wéi grouss eist “Nascht” ass, mir sinn all frou, eng sécher Plaz ze hunn.

Bei dëser Missioun wäerts du e besonnesche Baudeel vun denger Wunneng entdecken. Et handelt sech ëm eppes, wat dir erlaabt, deng Baussewelt ze beobachten. All Wunneng, ganz egal wéi grouss se ass, huet sou Baudeeler. Wat soll dat nëmme sinn? Natierlech, et sinn d’Fënsteren.

Hëls du dës Missioun un?

Da kuck dir däin Optrag genau un (ënnen op der Sait fënns du d’Missiounen als Download).
Hei fënns du Erklärungsvideoen zum Challenge:

Schéck Fotoe vun denge Resultater op challenge@script.lu. Fir gréisser Dateien ze schécken, kanns du och wetransfer.com benotzen.

Deng Missioun muss bis den 20. Abrëll erleedegt sinn. Vill Gléck!

Präis

Du kanns eng super Belounung fir deng Klass gewannen. Déi 3 bescht Resultater gi mat engem Eis gebaute Welt-Rucksak belount, fir dass du mat denger Klass op aner Missiounen duerch d’Land reese kanns.

Ween däerf matmaachen?

All Kanner a Jugendlecher ab dem Cycle 3.

Hues du Froen?

Schreif eis op challenge@script.lu.

 

Fräizäitgestaltung vun eise Kanner doheem

kannerdoheem.lu

 

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: