< zeréck
Dëst Joer feiert d’Musekswelt dem Ludwig van Beethoven säin 250. Gebuertsdag. Wie kennt se net? Déi monumental a weltbekannte Melodie Freude schöner Götterfunken aus der 9. Sinfonie. Eis Europahymn!
Fir den Challenge Beethoven an der Kichen sicht d'Equipe vu mimamu déi schéinsten, originellsten a witzegsten Interpretatioune vun dëser schéiner Musek.
Alles wat et an der Kiche gëtt kanns du dofir benotzen. Op Glieser oder Fläsche schloen, mat Läffelsgeschier an Dëppen e Rhythmus spillen, den Text sangen oder eng Choreographie erfannen; alles ass erlaabt. Looss denger Fantasie fräie Laf.
D’Gewënner ginn op schouldoheem.lu kommunizéiert.
Lo ass et un dir, weis wat s de kanns!
D’Equipe vu mimamu
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: