< zeréck
Fir den Engagement, d’Kreativitéit an d’Motivatioun vun de SchülerInnen ze promouvéieren an z’ënnerstëtzen, lancéiert d’Equipe vum Internetsite www.eduart.lu den 3. Konschtchallenge Ee Géigestand, vill Méiglechkeeten a proposéiert dir alldeeglechen Objet’en, déi’s du doheem fënns een neit Liewen, eng nei Funktioun ze ginn.
Duerch d‘Coronakris si mir gezwongen eis ganz laang z’isoléieren, fir datt de Virus sech esou mann ewéi méiglech verbreede kann. Mir bleiwen also DOHEEM. Elo ass also déi perfekt Geleeënheet äert Doheem méi genau ënnert d’Lupp ze huelen. Kuckt ronderëm iech a sicht virun allem no ganz gewéinleche Géigestänn, deenen dir am Alldag, virun der Corona-Zäit, keng Opmierksamkeet geschenkt hätt. Gidd hinnen en zweet Liewen, andeems dir si valoriséiert op är Manéier!
Dir kënnt iech fir dës Challenge um brittesche Kënschtler Richard Wentworth inspiréieren. Kuck dir seng Fotoen un: wéi kanns du, elo wou s du komplett ofgeschiermt bass, de Géigestänn bei där Doheem en zweet Liewen, eng zweet Funktioun ginn? Du kanns et op eng poetesch oder och humorvoll Aart a Weis maachen.
Benenn deng Fotoen: Numm_Virnumm_Titel a schéck se bis den 11. Mee 2020 op eduart@men.lu.
Dokumenter:
eduart.lu
Den Internetsite www.eduart.lu ass di offiziell Plattform fir Konschtunterrecht zu Lëtzebuerg (ESC an ESG) a proposéiert dem Public, SchülerInnen a Léierpersonal, souwéi all anere Konschtintresséierten eng Vitrinn déi all méiglech Facettë vum Fach regroupéiert.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: