Aktualitéiten

Art Challenge II: Gestrandet

Art Challenge II: Gestrandet
21/04/2020

Fir den Engagement, d’Kreativitéit an d’Motivatioun vun de SchülerInnen ze promouvéieren an z’ënnerstëtzen, lancéiert d’Equipe vum Internetsite www.eduart.lu den 2. Konschtchallenge Gestrandet a proposéiert dir, d’Liewe vum Astronaut Major Tom nozëempfannen.

De Major Tom ass en Astronaut, deen nom Start mat sengem Raumschëff, Schwieregkeete kritt an am All lant. Déi aktuell Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus, erënnert un dat komescht Gefill vu sech eleng fillen, wéi den Astronaut am All. Si bréngt mat sech, datt d’Leit sech esou mann ewéi méiglech aus dem Haus oder hirer Wunneng ginn a sech isoléieren, esou datt de Virus sech och esou mann ewéi méiglech verbreede kann. Doduerch, datt een sech vun der Gesellschaft ofschierme muss, entsteet d’Gefill vum eleng sinn. Net nëmme fillt een sech verluer a senger eegener Welt, mee et ass een och konfrontéiert mat enger grousser Ongewëssheet.

Beschreif d’Gefill vun der Onsécherheet an der Angscht d‘Kontroll ze verléieren, déi de Major Tom huet, dee Moment, wou hien de Kontakt mat der Buedemstatioun verléiert oder déi e Flüchtling huet, wann hie sech op de Wee mécht an eng ongewëssen Zukunft.

Huel de Protagonist vum Rocket Man (Stephen McNally & Majid Adid), schneit d’Figur aus (oder entwerf en eegenen Astronaut) a setz d‘Figur an en neie Kontext! Versich dat Gefill vu psychologescher Isolatioun an Angscht virum Ongewëssen duerch deng Foto duerzestellen.

Maach eng Foto vun denger Inzenéierung a schéck se bis de 4. Mee un eduart@men.lu!

 

eduart.lu

Den Internetsite www.eduart.lu ass déi offiziell Plattform fir Konschtunterrecht zu Lëtzebuerg (ESC an ESG) a proposéiert dem Public, SchülerInnen a Léierpersonal, souwéi all anere Konschtintresséierten eng Vitrinn, déi all méiglech Facettë vum Fach regroupéiert.

Fichiers à télécharger

 

Fräizäitgestaltung vun eise Kanner doheem

kannerdoheem.lu

 

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: