Aktualitéiten

Mir wäschen d'Hänn Challenge

24/03/2020 Mir wäschen d'Hänn Challenge
23/03/2020

Dësen Challenge dréint sech ronderëm d’Welt vun der Musek an dem Danz: mimamu sicht de Schouldoheem-Superstar!

Du hues Loscht ze sangen, dech mam Mikro opzehuelen oder och eng Danz-Choreographie ze erfannen a Playback ze sangen oder vläicht en neien Text op d’Lidd ze erfannen?

All déi néideg Informatioune fënns du an dësem Video.

Mir hunn e Lidd komponéiert, dat net besser an dës Zäite kéint passen:

Mir wäschen d’Hänn!

  • Léier dëst Lidd, eleng, mat denge Geschwëster oder Elteren. Benotz heifir de Playback:  Mir_wäschen_d’Hänn_Playback_voice.
    Mat Hëllef vun dësem Video kanns du üben.
  • Huel d’Lidd op, mam Handy, Laptop, Mikro, oder wat s du doheem hues. Benotz heifir de Playback: Mir_wäschen_d’Hänn_Playback.
  • Wann s du aner Sprooche besser beherrschs, dann denk dir vläicht en Text op Franséisch, Däitsch, Englesch oder eng aner Sprooch aus?
  • Am Plaz vum sange kanns du awer och en Danz maachen, eleng oder mat denger Famill. Erfann  eng flott Choreographie op eist Mir wäschen d’Hänn-Lidd.
  • Schéck deng Opnam (Lidd oder Video) bis freides, de 27. Mäerz um 12 Auer iwwer wetransfer.com op info@mimamu.lu eran. Wann s du Problemer hues, da mell dech roueg bei der Equipe.
  • Déi beschten Opname gi rausgesicht, an op mimamu.lu/schouldoheem public gemaach.

Mat deene beschte Lidder/Choreographien organiséiere mir an noer Zukunft eng professionell Opnam, wou dir mat professionell Hëllef Är Produktioun kënnt ophuelen. Wéi e richtege Superstar! E Souvenir fir d’ganzt Liewen!

Weis wat s du kanns!

 

Fräizäitgestaltung vun eise Kanner doheem

kannerdoheem.lu

 

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: