< zeréck
D‘Challenge vun haut dréit sech ëm d‘Themen Nohaltegkeet, Recycling, Upcycling a Kreativitéit. Jidderee ka vun Doheem mat e bësse Fantasie an Erfannergeescht matmaachen. Méi Informatioune fannt Dir an dësem Erklärungsvideo.
Sou geet et:
1. Sammel, wat net méi gebraucht gëtt
Sammel propper an haltbar Offallmaterialien a Saachen, déi s du oder deng Famill doheem normalerweis net méi braucht oder souguer géift ewech geheien.
2. Fann Ideeën, wéi s du eppes Neies domat schafe kanns
Kuck dir déi Offallmaterialien a Saache genau un, déi s du net méi brauchs, an iwwerlee dir, wat s du doraus maachn kéins. E Konschtwierk? E Schmuckstéck? Eppes, wat een all Dag benotze kann?
Iers du dech un d‘Aarbecht méchs, iwwerlee dir wat s du alles brauchs. Wichteg ass, dass däin neien Objet anescht ass wéi dat Gebrauchtent an en neien Zweck erfëllt (z. B. aus Plastiksfläschen eng Spillsaach hierstellen oder aus engem futtissen T-Shirt eng Fläsch bastelen). Dat nennt een Upcycling.
Du hues nach keng Iddi? Da sich am Internet no Ideeën a gëff zum Beispill folgend Stéchwierder an: Basteln mit Tetra Pak oder Upcycling aus Abfall.
3. Stell däin neien Objet hier
Elo kënnt dee spannenden Deel: Huel all déi Materialien, déi s du brauchs a bastel, bitz, pech oder bau däin neien Objet.
4. Weis a presentéier eis däin neien Objet
Bastel heifir e klassescht oder digitaalt Plakat oder dréi e Video, andeem s du ons op folgend Froen eng Äntwert gëss:
Bonusaufgab: Wärend dem Bastelen hues du bestëmmt doriwwer nogeduecht, wéi een Offall an Zukunft vermeide kann. Erklär ons wéi eng Aart vun Offall, dass du an deng Famill an den nächste Woche vermeide wéils a wéi ee positiven Afloss äert Verhale wäert hunn.
Wann s du däi Plakat oder däi Video fäerdeg hues, da schéck et iwwer wetransfer.com bis zum 1. Abrëll 2020 un challenge@script.lu.
D‘Gewënner ginn den 2. Abrëll op schouldoheem.lu bekannt ginn.
Hief däin neie Géigestand gutt op, well déi beschte Kreatioune wäerten an der Belle-Etoile bei engem grousse Verkafsevent : d'Mini-Entreprises ausgestallt an esouguer versteet ginn. Zousätzlech kréien d‘Gewënner Bonge fir bei de Mini-Entreprises hirer Wahl anzekafen.
Mir freeën eis op deng flott Iddi.
De SCRIPT fërdert zesumme mat de Schoulen an externe Partner déi folgend Kompetenzen: Ideeë generéieren, Ressourcë beschafen an déi konkret Ëmsetzung an d'Dote garantéieren, an dës am Sënn vun der Nohaltegkeet. Dësen Challenge ass ofgeleet vun de Materialien aus dem Youth-Start Entrepreneurial Challenge-Programm a stinn ënnert der Creative-Commons-Lizenz. Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Youthstart-Netzwierk. Vill interessant Ideeë fannt dir op www.youthstart.eu.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: