Aktualitéiten

Jonk Theaterauteuren-Challenge

Jonk Theaterauteuren-Challenge
30/03/2020

Dësen Challenge dréint sech ronderëm d’Schreiwe vun engem kuerzen Theaterstéck zum Thema #bleifdoheem. Méi Informatiounen fënns du an dësem Video.
Du schreifs reegelméisseg kleng Geschichten, erfënns Situatiounen, an hues Loscht emol en Text vun dir op enger Bühn ze gesinn, mat richtege Schauspiller zesummen?
Mir siche jonk Auteuren, déi bereet sinn e klengt Theaterstéck ze schreiwen, dat déi aktuell Situation beschreift.

 

Folgend Spillreegele gëlle beim Schreiwen vun dësem Theaterstéck:

  • Et soll e Stéck sinn, dat eng Geschicht vu Leit erzielt, déi doheem an Isolatioun sinn, fir sech net dobaussen unzestiechen. Zum Beispill eng Famill oder Frënn an enger Wunngemeinschaft oder souguer Jonker, déi alleng op sech gestallt sinn, well hir Elteren zur Zäit vum Ausbroch vum Coronavirus op der Rees waren an net méi sou schnell op Lëtzebuerg zréck koumen. D’Stéck soll den Alldag vun deene Persounen tëscht hire 4 Maure weisen.
  • D’Stéck soll en Ufank, e Mëtteldeel mat engem Spannungsmoment an e Schluss hunn. Um Ufank muss ee verstoen, ween d’Figure sinn, wéi hir Bezéiung zouenee ass. Sinn et Eltere mat hire Kanner? Sinn et zwee Bridder oder zwou Schwësteren, déi eleng doheem sinn? Sinn et zwee Frënn, déi sech iwwert Skype uruffen oder déi zesumme facetimen? Am Mëtteldeel muss eppes geschéien, wat Spannung schaaft. Zum Beispill geet enger Famill d’Iessen aus an et kënnt zu Streidereien, well deen een eppes virun deem anere verstoppt. Oder et ass ee vun de Geschwëster rausgaang fir eppes z’iesse kafen ze goen an deen anere mécht sech Suergen. Wéi an all guddem Theaterstéck muss et zum Konflikt, zur Sträitsituatioun kommen. Zum Schluss gëtt de Sträit gereegelt an d’Leit versti sech rëm mateneen an hëllefe sech géigesäiteg.
  • D‘Stéck soll an dramatescher Form geschriwwe sinn, dat heescht et sollen Dialogen tëscht Personnage sinn, keng Erzielung.
  • Et soll e Stéck fir 1 bis 4 Schauspiller ginn, also mat 1 bis 4 Personnagen.
  • D‘Stéck soll sech an engem Zëmmer vun engem Haus oder engem Appartement ofspillen, zum Beispill engem Salon, enger Stuff, enger Kichen, engem Schlofzëmmer.
  • Den Auteur ka selwer ee „Register“ fir säin Theaterstéck definéieren (Tragedie, Komedie, Parodie, Horror, Fantasie, Drama, romantesch Drama, fiktiv Doku, Krimi, ee Mix vu puer Register, …).
  • D’Rolle solle verschidden a komplementar zouenee geschriwwe sinn a sech souwuel an hirem Behuele (an hiren Aktiounen) wéi och an hirer Sprooch (Vokabulär) ënnerscheeden.
  • Dat fäerdegt Stéck soll tëscht 10 a 15 Säiten hunn.
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch.

 

Schéck eis däin Theaterstéck bis den 20. Abrëll op challenge@script.lu eran. D’Gewënner ginn an där Woch op schouldoheem.lu kommunizéiert.
Mat deene beschten Theaterstécker organiséiere mir an noer Zukunft eng professionell Inszenéierung, mat Equippe vu Schüler an Theaterkënschtler.
Bei Nofroe mell dech iwwer info@makedra.lu.

 

Fräizäitgestaltung vun eise Kanner doheem

kannerdoheem.lu

 

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: