Aktualitéiten

Challenge : Op de Spuere vum Indiana Jones

Challenge : Op de Spuere vum Indiana Jones
26/03/2020

Eisen Challenge vun haut féiert eis zréck an Zäiten, wou d’Mënschen nach Hiele genotzt hunn.

Wollts du schonn ëmmer mol wéi den Indiana Jones an enger donkeler Hiel Spueren aus vergaangenen Zäiten erfuerschen? Interesséiers du dech fir d’Vergaangenheet vun de Mënschen aus der Steenzäit? Wëlls du net och eng Kéier an d’Roll vun engem Steenzäitmënsch schlüpfen?

Dann ass dës Challenge genau dat Richtegt fir dech.

Am September 1940 si véier Frënn beim Spadséieren zu Lascaux am Süde vu Frankräich aus Zoufall op en Erdlach gestouss, wat den Zougang zu enger verschollener Hiel war. Dës Hiel ass méi ewéi 100m laang a besteet aus e puer Raim, déi puer vun den eelsten Hielemolereien enthalen, déi jee vum Mënsch geschaaf goufen (warscheinlech tëscht 19.000-15.000 v. Chr.).

An der haiteger Challenge erfuerschs du d’Hiel vu Lascaux mat senge beandrockende Wandmolereien an iwwerhëls domadder d’Roll vun engem Archeolog an Historiker.

 

D'Challenge ass an dräi Etappen agedeelt:

Etapp 1: Den Hielefuerscher

An engem éischte Schrëtt brauchs du e Smartphone, Tablet oder Computer mat Internetzougang. Géi op dës Internetsäit.

Klick dann ob d'Ikon Visite guidée oder Rundgang (d’Sprooch kann een uewe riets auswielen). Elo start déi digital Rees an d’Hiel vu Lascaux. Du kanns däin Tour duerch d’Hiel zu all Moment stoppen, an en anere Raum goen oder mat engem Klick op den i weider Informatiounen opmaachen. Kuck dir déi impressionant Hielemolereie genau un a vergläich d’Biller aus deenen eenzele Raim.

Etapp 2: Den Archeolog an Historiker

An engem zweete Schratt iwwerhëls du d’Roll vum Archeolog an Historiker a probéiers méi iwwert d’Hielemolerei erauszefannen. Probéier elo d’Froen um Aarbechtsblat ze léisen. Verschidde Froe si méi kniffleg wéi anerer.

Etapp 3: Den Hielemoler

An der drëtter Etapp gëss du elo selwer kreativ. Dofir brauchs du e Blat oder Carton, wou s du drop mole kanns a Faarwen. Schaf elo deng eege Hielemolerei andeem s du esou originalgetrei wéi méiglech d’Motiver, d‘Faarwen an d’Techniken aus der Steenzäit iwwerhëls.

 

Wat gëtt et ze gewannen:

Schéck eis deng Biller an deng Léisunge bis den 2. Abrëll 12 Auer ob d’E-Mail-Adress challenge@script.lu respektiv, wann deng Datei ze grouss ass, iwwer wetransfer.com. Mir wäerten déi flottste Biller um Internet an enger Steenzäit-Galerie weisen.

Gewënner sinn d’Hobby-Archeologen, déi alleguer d’Aufgabe richteg geléist hunn an och nach déi originellste Biller gezeechent hunn.

Déi 3 Gewënner kréie fir hir Klass den edukative Rucksak: Eis gebaute Welt, mat ville flotten Objeten, fir spéiderhin d’Gemeng, an där dir lieft, z‘erfuerschen.

Maach mat a gëff fir een Dag e groussen Hielefuerscher, Historiker a Steenzäitmënsch!

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: