Aktualitéiten

Art Challenge: Ma wou sinn se all hin?!

Art challenge
27/03/2020

Fir den Engagement, d’Kreativitéit an d’Motivatioun vun de SchülerInnen ze promouvéieren an z’ënnerstëtzen, lancéiert d’Equipe vum Internetsite www.eduart.lu de Konschtchallenge Ma wou sinn se all hin?! a proposéiert dir d’Liewe vu Personnagen aus Biller duerzestellen, déi wéinst engem béise Virus hir artistesch Kuliss verlooss hunn.

Fir sech ze schützen, hunn se sech an eiser Welt installéiert, oder ëmgedréint, kënne mir Mënschen eis an hiren Tableaue verstoppen. Et kéint een och un aner Zenarioen denken: d’Figuren droen all eng Mask, oder si sinn all op Distanz gaangen, zum Beispill! Looss denger Fantasie fräie Laf!

Dësen Challenge ass op fir all SchülerInnen aus dem Enseignement Fondamental an Enseignement Secondaire. Déi ugewannten Technik kann analog sinn (Printe vum Wierk a Personnagen denger Wiel ausschneiden, Collage) oder digital, op Tablett oder Computer. Fir Beispiller kanns du der folgend Beispiller ukucken:

Schéck däi Wierk als Photo (am Fall vun engem Collage) oder Fichier (PNG, JPEG, PDF am Fall vun enger digitaler Aarbecht) un d’Adress eduart@men.lu. Den Termin ass spéitstens den 20. Abrëll 2020.

eduart.lu

Den Internetsite www.eduart.lu ass déi offiziell Plattform fir Konschtunterrecht zu Lëtzebuerg (ESC an ESG) a proposéiert dem Public, SchülerInnen a Léierpersonal, souwéi all anere Konschtintresséierten eng Vitrinn déi all méiglech Facettë vum Fach regroupéiert.

 

 

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: