Ënnert der Lupp

Hei fannt dir eng Iwwersiicht iwwert déi verschidden Challenges, déi de SCRIPT alle Schülerinnen a Schüler, an natierlech och Léierpersounen an Elteren, déi Loscht an Interessi hunn, ubitt.

Och an Zäiten, wou mir alleguer doheem eng sozial Distanz sollen opbauen, kann een awer iwwer eis digital Méiglechkeeten e Gefill vu Gemeinschaft opbauen - sief et als Klass oder doriwwer eraus als Land.

Wann dir also alleng oder och mat Frënn aus der Klass interesséiert sidd, fir bei eisen Challenges matzemaachen, da klickt iech eran.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: